Volksdeutsche Bewegung

Vu Wikipedia
Memberskaart vum N. M., engem "Bürovorsteher" aus dem "Distrikt Esch-Alzig".
Propagandaplakat vun der VDB

D'Volksdeutsche Bewegung (VdB) war eng Vereenegung zu Lëtzebuerg, déi an der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich mam Slogan "Heim ins Reich" den Uschloss un Nazidäitschland propagéiert huet.

D'VdB ass de 17. Mee 1940 gegrënnt ginn, just eng Woch nom däitschen Iwwerfall. Si ass aus der GEDELIT ervirgaangen, un där hirer Spëtzt den Damian Kratzenberg stoung, an deen och Chef vun der VdB gouf. De 6. Juli 1940 huet d'VdB en Opruff gemaach: Luxemburger, höre die Stimme des Blutes! Sie sagt dir, dass du nach Rasse und Sprache ein Deutscher bist. Luxemburgertum in allen Ehren! Denn wahres Luxemburgertum ist reines Deutschtum.[1]

Soubal de Gustav Simon zum Chef der Zivilverwaltung ernannt gi war, gouf de Kratzenberg deem ënnerstallt, an d'VdB gouf en Instrument vun der NSDAP, där hir radikal Politik se matgedroen huet. Organisatoresch war d'VdB änlech wéi d'NSDAP opgebaut, mat Distrikten, Ortsgruppen, Zellen a Blöcke. Enn Juli 1940 hat si ronn 1000 Memberen, déi dann och als "haarde Kär" ugesi kënne ginn.

Mä duerno ass d'Memberschaft stagnéiert; vu Massenzoulaf (a Sanctionnéierung vun der Heim-ins-Reich-Politik) konnt keng Ried sinn. Dofir gouf d'Memberschaft an der VdB (wéi och zum Deel an aneren Nazi-Organisatiounen) zur Konditioun gemaach fir säi Beruff kënnen ze halen, an et gouf mat Deportatioun gedreet, wann een net géif matmaachen. Dausende vu Leit (an éischter Linn Beamten a Léierpersonal) hunn där Erpressung (missen) noginn a goufe Member. Just op déi Selbstänneg an d'Baueren hat dat Drockmëttel keng Wierkung.

Am Oktober 1941 hat d'VdB 72.000 Memberen an am August 1942 der 83.000. Dem Gauleiter waren dës Zuelen natierlech wichteg, well se sollten de Succès vu senger "Aarbecht" beweisen. Mä den däitsche Sicherheitsdienst wousst schonn Enn 1940, datt déi massiv Croissance vun der Memberszuel net op Iwwerzeegung, mä just op Drock vu Baussen an Angscht viru Sanktiounen zeréckzeféiere war: "90 % aller eingeschriebenen Mitglieder gehören ihr nur aus Gründen der Furcht oder des Nutznießertums an und können nicht als zuverlässig angesehen werden."[2]

1944 bestoungen 120 lokal Sektioune vun der VdB.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dostert, Paul (1985): Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945. Lëtzebuerg.
  • Krier, Emile (1981): "Deutsche Volkstumspolitik in Luxemburg und ihre sozialen Folgen." In: Dlugoborski, Waclaw (Ed.): Zweiter Weltkrieg und sozialer Wandel. Achsenmächte und besetzte Länder. Göttingen 1981, S.224-241.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zit. no Dostert, P. (1985), S.60f.
  2. SD-Bericht vom 10. Dezember 1940; zit. n. Krier, E. (1981), S. 226.
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.