Fräi Sozial Alternativ

Vu Wikipedia
Fräi Sozial Alternativ
Ofkierzung FSA
Nationalpresident Steve Melmer
Generalsekretärin Jacqueline Alf
Generalcaissière Joana Fernandes Oritz
Gegrënnt 2. September 2016 als
Fräi Ökologesch Demokratesch Partei
Opgeléist 14. November 2019

D'Fräi Sozial Alternativ bis den 13. Juni 2018 Fräi Ökologesch Demokratesch Partei, war eng lëtzebuergesch Partei, déi den 2. September 2016 zu Esch-Uelzecht ënner dem Numm Fräi Ökologesch Demokratesch Partei gegrënnt gouf[1]. D'Iddi fir eng nei alternativ gréng Partei goung op de Ronald Mordiconi, Steve Melmer, Jacqueline Alf a Mirella Sabbatini zeréck.

Bei enger Statutenännerung den 13. Juni 2018[2] gouf den Numm op Fräi Sozial Alternativ geännert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der éischter Generalversammlung, den 2. September 2016, gouf de Ronald Mordiconi zum Nationalpresident gewielt. Den 1. Abrëll 2017 goufen op der Websäit vun der FÖDP d'Statuten an de Programm vun der Partei publizéiert. Mam Austrëtt vum Nationalpresident Mordiconi den 10. Juni 2018, gouf d'Websäit ofgeschalt.[3]

De 14. November 2019 huet de Veräi sech wéinst "Verschwendung von Ressourcen und Zeit" opgeléist.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Si ass am Handelsregëster (www.rcsl.lu) ënnert der Nummer F11295 als A.s.b.l. ageschriwwen
  2. Publikatioun vun den neie Statuten
  3. 100,7 Panorama vum 10. Juni 2018 - 12:00
  4. wort.lu: "Fräi Sozial Alternativ": Melmer gibt Auflösung bekannt