Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter. Fir d'Partei mam änlechen Numm, kuckt wgl. Baueren- a Mëttelstandspartei.

D'Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter (de: Partei der Bauern, des Mittelstandes und der Arbeiter, fr: Parti des paysans, des classes moyennes et des ouvriers) war eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi an den 1930er Joren aktiv war.[1]

Si ass just bei de partielle Chamberwalen 1937 ugetrueden, an dat och nëmmen am Walbezierk Norden. Do war de Pierre Prüm deen eenzege Kandidat vun der Partei dee gewielt gouf. Gläichzäiteg gouf hien awer och am Walbezierk Zentrum fir d'Demokratesch Lëscht an d'Chamber gewielt.

1937 krut d'Partei 32.265 vun den 317.739 gëltege Stëmmen (10%) am Nordbezierk. Dat waren déi eenzeg Chamberwalen, bei deenen d'Partei matgemaach hat.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Si ass och als Fräi Lëscht vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter (dt: Freie Liste der Bauern, des Mittelstandes und der Arbeiter; frs: Liste libre des paysans, classes moyennes et ouvriers) opgetrueden.