Chamberwale vum 1. Februar 1959

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 zu Lëtzebuerg goufen 52 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Sëtzung vum 9. Dezember 1958 huet d'Chamber no enger Diskussioun iwwer e Versuch vun der Bestiechung vun engem Beamten eng Motioun ugeholl[1], mat där déi dräi sozialistesche Ministeren Victor Bodson, Nic Biever, Paul Wilwertz an de Staatssekretär Henry Cravatte dem President vun der Regierung hire Récktrëtt iwwerreecht hunn. De Récktrëtt vun de véier sozialistesche Membere vun der CSV-LSAP-Koalitiounsregierung huet zum Récktrëtt vun der Regierung gefouert.

Den 20. Dezember goufen zwéin Arrêté grand-ducalen am Memorial publizéiert, mat deenen d'Chamber opgeléist[2] an Neiwale fir den 1. Februar 1959 festgeluecht goufen[3].

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 1. Februar 1959
Partei Sëtz Ënnerscheed zu virdrun
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 21 -5
  Groupement démocratique 11 +5
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 17 0
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 3 0

D'CSV blouf stäerkst Partei, huet awer 5 Sëtz missen un d'DP ofginn. D'DP huet dann och, mat der Bildung vun der Regierung Werner-Schaus I, den 2. Mäerz 1959, d'LSAP als der CSV hire Koalitiounspartner ofgeléist.

Gewielten Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 1. Februar 1959, inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 1. Februar 1959 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1959 an der Lëscht.

Zesummesetzung vun der Chamber no de Chamberwale vum 1. Februar 1959
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen[4] Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Victor Abens LSAP Norden direkt 11 264 1959
1 Jean Bech CSV Zentrum nogeréckelt 18 142 1959 nogeréckelt fir de Pierre Grégoire
1 Joseph Bech CSV Osten direkt 11 676 1959
1 Albert Berchem DP Süden direkt 8 102 1959
1 Nicolas Biever LSAP Süden direkt 31 781 1959
1 Tony Biever CSV Zentrum direkt 21 991 1959
1 Victor Bodson LSAP Osten direkt 17 322 1959 1961 gouf an de Staatsrot genannt a vum 17. Oktober 1961 duerch den Adrien van Kauvenbergh ersat
1 Albert Bousser LSAP Zentrum direkt 17 517 1959
1 François Cigrang DP Süden direkt 8 294 1959
Emile Colling CSV Süden 26 242 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Henry Cravatte LSAP Norden direkt 13 327 1959
1 Othon Decker LSAP Osten direkt 4 916 1959 1963 gouf no sengem Doud, den 29. Januar 1963, duerch de Georges Hurt ersat
1 Henri Diederich DP Norden direkt 9 192 1959
1 Aloyse Duhr CSV Osten direkt 9 055 1959
1 Jean Dupong CSV Süden direkt 24 275 1959
Paul Elvinger DP Zentrum 15 702 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Michel Ewen LSAP Norden direkt 10 496 1959
1 Romain Fandel LSAP Süden direkt 27 314 1959
1 Nicolas Ferring CSV Norden direkt 14 500 1959
1 Marcel Fischbach CSV Zentrum direkt 22 222 1959
1 Jean Fohrmann LSAP Süden direkt 28 921 1959
Pierre Frieden CSV Zentrum direkt 26 878 ass den 23. Februar 1959 gestuerwen a gouf duerch de Georges Reuter ersat
1 Jean Gallion LSAP Süden direkt 25 191 1959
1 Pierre Gansen LSAP Süden direkt 27 431 1959
1 Henri Gengler CSV Norden direkt 13 930 1959 1962 gouf no sengem Doud, den 13. Mäerz 1962, duerch den Alphonse Schiltges ersat
1 Joseph Grandgenet KPL Süden direkt 11 206 1959
Pierre Grégoire CSV Zentrum 21 403 1959 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Emile Hamilius DP Zentrum direkt 21 669 1959
1 Joseph Herr CSV Norden direkt 14 269 1959
1 Jean Kinsch CSV Süden direkt 22 050 1959
1 Lucien Koenig DP Zentrum direkt 17 576 1959 1961 gouf no sengem Doud, de 15. September 1961, duerch den Edouard Loutsch ersat
1 Antoine Krier LSAP Süden direkt 28 070 1959
1 Camille Linden DP Zentrum nogeréckelt 13 299 1959 nogeréckelt fir de Paul Elvinger
1 Joseph Lommel CSV Süden direkt 21 911 1959 1964 gouf no sengem Doud, den 12. Mäerz 1964, duerch de Pierre Rumé ersat
1 Joseph Lucius CSV Süden direkt 22 160 1959
1 Georges Margue CSV Zentrum nogeréckelt 18 563 1959 nogeréckelt fir de Pierre Werner
1 Denis Netgen LSAP Süden direkt 24 717 1959
1 Jean Peusch DP Norden direkt 9 187 1959
1 André Prost DP Osten nogeréckelt 5 481 1959 nogeréckelt fir de Robert Schaffner
1 Georges Reuter CSV Zentrum nogeréckelt 18 045 1959 nogeréckelt fir de Pierre Frieden
Robert Schaffner DP Osten 7 911 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Eugène Schaus DP Zentrum 23 218 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Pierre Schockmel CSV Süden direkt 22 419 1959
1 Henri Sinner CSV Zentrum direkt 19 245 1959
1 Jean Spautz CSV Süden nogeréckelt 21 764 1959 nogeréckelt fir den Emile Colling
1 Guillaume Speck CSV Osten direkt 8 752 1959
1 Dominique Steichen LSAP Süden direkt 26 633 1959
1 Gaston Thorn DP Zentrum nogeréckelt 13 418 1959 nogeréckelt fir den Eugène Schaus
1 Dominique Urbany KPL Süden direkt 11 959 1959
1 Arthur Useldinger KPL Süden direkt 12 435 1959
1 Charles Wagner DP Osten direkt 6 984 1959
1 Georges Wagner CSV Norden direkt 14 372 1959
1 Antoine Wehenkel LSAP Zentrum direkt 17 707 1959 1962 gouf no senger Demissioun den 31. Mäerz 1962 duerch de Jean-Baptiste Schilling ersat
Pierre Werner CSV Zentrum 28 773 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Paul Wilwertz LSAP Zentrum direkt 18 999 1959 1960 gouf no senger Demissioun de 27. Januar 1960 duerch den Alphonse Hildgen ersat
1 Jean Winkin CSV Norden direkt 14 655 1959
1 Charles Wirtgen CSV Süden direkt 21 900 1959
1 Joseph Wohlfart LSAP Zentrum direkt 18 019 1959
1 Roger Wolter DP Zentrum direkt 14 471 1959
52


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Déclaration de M. le Ministre de la Justice au sujet de la soumission relative au relaissement de la station de contrôle de Sandweiler op chd.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
  2. Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958, portant dissolution de la Chambre des députés op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
  3. Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958 portant convocation des collèges électoraux de toutes les circonscriptions op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
  4. Bulletin de documentation n° 2-3/1959 couvrant la période du 1er février 1959 au 31 mars 1959 S. 9-13 op sip.gouvernement.lu