Pierre Rumé

Vu Wikipedia
Pierre Rumé
Gebuer 11. Oktober 1919
Gestuerwen 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Partei CSV

De Pierre Rumé, gebuer den 11. Oktober 1919 zu Gouschteng a gestuerwen 1984 war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (CSV).[1]

Hie war Member vum Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng.[1]

Den 18. Mäerz 1964 gouf de Pierre Rumé als Deputéierte vereedegt, no deem de Joseph Lommel gestuerwe war, ass hien als éischtgewielte Suppleant vun der CSV aus dem Walbezierk Süden an d'Chamber nogeréckelt.[2]

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 an de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 gouf hie jeeweils erëmgewielt a blouf bis de 15. Mee 1974 als Deputéierten an der Chamber.[3]

Beruffsliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Rumé huet seng berufflech Carrière als Greffier um Geriicht ugefaangen.[1]

Hien huet vun 1947 bis 1953 am Sekretariat vun der CSV geschafft.1953 gouf hie Redakter am Luxemburger Wort an hien ass bis 1972 do bliwwen. Duerno huet hien d'Agence vum Wort zu Esch-Uelzecht geleet.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Noruff op de Pierre Rumé an der 1. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1984-85 den 9. Oktober 1984]
  2. Chamberbliedche vun der 44. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1963-64 den 18. Mäerz 1964
  3. Lëscht vun den Deputéierten vun 1944 bis 2013 am COMPTE RENDU DES TRAVAUX DE LA CHAMBRE DES DÉPUTÉS DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG SESSION ORDINAIRE 2012-2013 du 9 octobre 2012 au 7 octobre 2013 – édité par l'Administration parlementaire