Tony Biever

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Jurist Tony Biever. Fir den Architekt Tony Biwer (1902-1971), kuckt wgl. Tony Biwer.
Tony Biever
Gebuer 8. Abrëll 1908
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Abrëll 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV

Den Tony Biever, gebuer den 8. Abrëll 1908 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen den 19. Abrëll 1990 war e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a Jurist.[1]

Den Tony Biever war Deputéierte vun 1937 bis 1940[2] a vum September 1944 bis de September/Oktober 1945. Als Deputéierte war hien och Member vun der Assemblée consultative (1945). Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 an duerno allkéiers bis deene vum 15. Dezember 1968 nach mat gouf hien als Deputéierten an d'Chamber gewielt a war vun 1959 bis 1974 Fraktiounspresident vun der CSV an der Chamber. Tëscht 1964 an 1965 war hie President vun der CSV,[3] an e gouf doriwwer eraus a Medien als "gro Eminenz" vun der Partei bezeechent well dräi spéider Staatsministere respektiv Premieren, de Pierre Werner, de Gaston Thorn (deen allerdings vun der DP war) an de Jacques Santer bei him am Cabinet hire Stage als Jurist gemaach hunn.[4]

Vun 1940 bis 1941 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.[5]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Dem Tony Biever seng Biographie op csv.lu
  2. Als, N. & R. L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés : histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 510/511.
  3. "Perséinlechkeeten aus der CSV" csv.lu
  4. "Cercle brisé" Artikel aus dem Lëtzebuerger Land vum 29.05.2015
  5. Conférence du jeune barreau de Luxembourg-Présidents
  6. Memorial A N°12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen