Op den Inhalt sprangen

Gaston Thorn

Vu Wikipedia
Gaston Thorn
Gebuer 3. September 1928
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. August 2007
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Montpellier,
Universitéit vu Lausanne,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot, Banquier, Resistenzler
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Bestuet mat Liliane Thorn-Petit

De Gaston Egmont Thorn gebuer den 3. September 1928 an der Stad, a gestuerwen de 26. August 2007, war e lëtzebuergesche Politiker.

Am zweete Weltkrich gouf hie vum Besatzer verhaft, a war e puer Méint an engem Stroflager internéiert.

Wärend sengem Droitsstudium zu Montpellier, Lausanne a Paräis war hie President vun der Lëtzebuerger Studentennunioun, der UNEL a vun enger internationaler Studentekonferenz, der ISC.

No sengem Studium gouf hien 1955 um Barreau ageschriwwen. 1959 gouf hie fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt. Tëscht 1961 an 1963 war hien och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a vun 1959 bis 1969 Member vum Europäesche Parlament.

Vun 1969 bis 1974 war de Gaston Thorn Ausseminister, Minister fir d'Fonction publique a fir de Sport an der Regierung Werner-Schaus II. 1974 gouf hie selwer Premierminister vun enger Koalitiounsregierung tëscht der Demokratescher Partei (DP) an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP), a war och responsabel fir d'Portefeuillen Ausseministère a Sport. 1975 war hien och President vun der 30. Sessioun vun der UNO-Generalversammlung.

No de Wale vun 1979 gouf d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) Koalitiounspartner vun der DP, de Gaston Thorn huet d'Ressorten Aussebezéiungen, Kooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz iwwerholl.

De 6. Januar 1981 gouf de Gaston Thorn President vun der Europäescher Kommissioun, bis Januar 1985.

Duerno war e virun allem an der Privatwirtschaft aktiv: tëscht 1985 an 1999 war e President vum Verwaltungsrot vun der BIL, an tëscht 1987 an 1993 President vun der CLT. Hie war bis 1996 am Verwaltungsrot vu Foyer Finance.

Hien huet sech awer och weider fir d'international Politik intresséiert a war President vum "International European Movement", Member vun der trilateraler Kommissioun an dem Comité Jean Monnet. Hie war och President, spéider Éierepresident, vun der Liberal International, enger Daachorganisatioun vu liberale Parteien.

De Gaston Thorn war mat der lëtzebuergescher Journalistin a Publizistin Liliane Thorn-Petit (1933-2008) bestuet.

  • Roemer, Henri (éd.): Gaston Thorn: 1920-2007. Editpress, 2013.
  • Haag, Emil: Gaston Thorn *1928 2007, le new look du style politique In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 500-509); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Commons: Gaston Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Roy Jenkins
President vun der Europäescher Kommissioun
1981 - 1985
Nofollger:
Jacques Delors

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)LA „GRAND-CROIX DE L'ORDRE DE LA COURONNE“ A MESSIEURS LES MINISTRES JEAN DUPONG ET MARCEL MART. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (9. Mäerz 1971). Gekuckt de(n) 2023-08-08.
  2. (fr)HAUTES DISTINCTIONS A L'OCCASION DU 50e ANNIVERSAIRE DE L'U.E.B.L.. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (6. Mäerz 1972). Gekuckt de(n) 2023-08-01.
  3. (fr)M. Gaston Thorn a été reçu par la reine Margrethe II. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (20. Januar 1972). Gekuckt de(n) 2023-08-03.
  4. (fr)HAUTE DISTINCTION NÉERLANDAISE POUR GASTON THORN. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (12. Juli 1976). Gekuckt de(n) 2023-11-18.