Union nationale des étudiant(e)s du Luxembourg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D' Union nationale des étudiant(e)s du Luxembourg (besser bekannt ënner hirem Akronym UNEL) ass eng lëtzebuergesch Studentenunioun, déi, mat kuerzen Ënnerbriechungen, zënter 1920 existéiert. Bis an d'1980er Jore war d'UNEL den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studenteveräiner (Cercles d'étudiants) an de verschiddenen Universitéiten am Ausland. Zënterhier baséiert se sech op Eenzelmemberschaften.

An der rezenter Geschicht ass d'UNEL fir de Schüler- a Studentestreik vun 2014 géint d'Kierzunge vun de Studiesubside bekannt ginn. 2019 an 2020 huet d'Organisatioun sech virun allem fir en neit Stagegesetz an d'Bezuele vun alle Stagiairen agesat. Doropshi gouf den entspriechende Gesetzestext ugepasst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

D'UNEL gouf ursprénglech gegrënnt, fir d'lëtzebuergesch Studenten op internationalem Niveau ze vertrieden. Dat war den nationale Studentenorganisatiounen wéi dem 1910 gegrënnte kathouleschen Akademikerverein (AV, duerno ALUC Association luxembourgeoise des universitaires catholiques), an der 1912 gegrënnter laizistesch a lénkslibéraler Association générale des étudiants luxembourgeois (ASSOSS), net méiglech. Keng konnt vu sech behaapten d'Majoritéit vun de Studenten ze vertrieden.

1919, am Kader vum Grënnungskongress vun der Confédération internationale des étudiants (CIE), hunn d'Presidente vun deenen zwou Associatiounen, de Joseph Wolter an de Georges Schommer, sech gëeenegt fir en Daachverband ze grënnen. Den 20. August 1920 hunn dunn den AV an d'ASSOSS de Grënnungsvertrag vun der UNEL (deemools nach Union nationale des étudiants luxembourgeois) ënnerschriwwen. Dat selwecht Joer gouf d'UNEL dann och Member vun der CIE.

Déi éischt UNEL bestoung - mat enger Ënnerbriechung wéinst politeschen Differenzen an de Joren 1933-1936 - bis zum däitschen Amarsch 1940. Du gouf den AV verbueden an d'ASSOSS, hat sech, fir deem zevirzekommen, selwer opgeléist.

No 1945[änneren | Quelltext änneren]

1951 gouf d'UNEL ënnert dem Jean Barbel neigegrennt. D'Organisatioun sollt weiderhin een Dachverband fir all Studentenorganisatiounen a Cerclë sinn.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Bekannt UNEL-Memberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Presidence vun der UNEL gouf an der Zait als "Who is who"[1] vun der Lëtzebuerger Politik bezeechent. Ënnert hire Membere sinn ënner anerem d'Politiker Gaston Thorn, Roy Reding oder David Wagner.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Wehenkel: Générations Assoss - Unel, 1912-2022. Capybara Books, 2021.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Netzwerke der Elite. Gekuckt de(n) 06.03.2021.