Jean-Jacques Willmar

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean-Jacques Willmar
Jean-Jacques Willmar.jpg
Gebuer 6. Abrëll 1792
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. November 1866
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Riichter, Affekot
Partei keng
Famill
Papp Jean-Georges Willmar
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Jacques Madeleine Willmar, gebuer de 6. Mäerz 1792 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 26. November 1866, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

De Jean-Jacques Willmar war de Fils vum Jean-Georges Willmar, dee vun 1817 bis 1830 Gouverneur vum Grand-Duché war. 1814 huet hien eng Licence an Droit zu Paräis gemaach a gouf Affekot um Barreau an der Stad. 1824 gouf hien zum Riichter ernannt.

Tëscht 1830 an 1839, no der Belscher Revolutioun, huet hien zum hollännesche Kinnek Wëllem I. gehalen. 1840 gouf hien zum Procureur général ernannt. 1841-1848 war hie Member vun der Assemblée des États, an 1848 Lëtzebuerger Deputéierten an der Frankfurter Nationalversammlung.

Vum 2. Dezember 1848 bis den 23. September 1853 war hie Conseilspresident (Premierminister) an Administrateur général (Minister) fir Aussebezéiungen, Justiz, Kult a Bildung. Den Norbert Metz, dee Finanzminister gi war, an dee pro-belsch a géint d'Memberschaft am Däitsche Bond an am Zollveräin war, hat e groussen Afloss op d'Aussepolitik, wat zu Spannunge mat Däitschland gefouert huet. Mä och d'Relatioune mat Holland hunn ofgekillt, nodeem de Wëllem II. 1849 gestuerwe war, a säi Fils, de Wëllem III., dee sech duerch säi Brudder, de Prënz Henri vertriede gelooss huet, eng strikt konservativ a restaurativ Politik gefouert huet. 1853 huet en d'Regierung ofsetze gelooss.

Am Willmar seng Regierungszäit ass d'Decisioun gefall, de Frang amplaz vum Gulden an der Comptabilitéit vun der Verwaltung anzeféieren. 1854 sinn déi éischt Lëtzebuerger Koffermënzen erauskomm.

Vum 28. November 1857 bis de 26. November 1866 war de Willmar Member vum nei gegrënnte Staatsrot.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 1er janvier 1842, L' A, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memioral N°4 vun 1842