Charles-Mathias Simons

Vu Wikipedia
Charles-Mathias Simons
Gebuer 27. Mäerz 1802
Béibreg
Gestuerwen 5. Oktober 1874
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei keng
Famill
Liewenspartner(in) Josephine Winckell
Kanner Ernest Simons

De Charles-Mathias Simons, gebuer de 27. Mäerz 1802 zu Béibreg a gestuerwen de 5. Oktober 1874 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker. Hie war vum 23. September 1853 bis de 26. September 1860 President vum Regierungsconseil (méi spéit: Staatsminister) an der no him genannter Regierung.

Berufflech a politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Charles-Mathias Simons mécht 1823 en Doktorat am Droit op der Universitéit zu Léck. D'Joer drop schreift hie sech um Barreau vum Bezierksgeriicht zu Dikrech an. 1831 ass hien Delegéierte beim belschen Nationalkongress zu Bréissel, an hëlleft mat déi nei belsch Constitutioun auszeschaffen.

18361837 ass hie Member vum Provënzialrot, a gëtt 1841 Member vun der Assemblée des États. 18431848 ass hie Member vum Regierungsrot an 1848 vun der Assemblée constituante. Vum 1. August bis den 2. Dezember 1848 ass hien Administrateur général fir Gemengenaffären an der Regierung de la Fontaine.

Nodeem d'Regierung Willmar vum Prënz Henri, op Wonsch vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III. hin, ofgesat gi war, gouf de Charles-Mathias Simons den 23. September 1853 zum Regierungspresident a Staatsminister ernannt.

Am Simons seng Regierungszäit fält d'Revisioun vun der Lëtzebuerger Constitutioun vum Oktober 1856, déi de Kinnek-Groussherzog géint de Wëlle vum Parlament duerchgedréckt huet, an déi seng Pouvoire stäerkt. Dem Parlament seng Muecht gëtt doduerch zeréckgeschnidden a geschwächt; d'Parlament gëtt zu engem Ständerrot degradéiert a kritt de Staatsrot als Kontrollorgan bäigesat. A seng Regierungszäit fält awer och d'Aweiung vun der éischter Eisebunnslinn zu Lëtzebuerg (4. Oktober 1859) an d'Grënnung vun deenen éischte Banken, der Banque internationale à Luxembourg an der Spuerkeess.

De 26. September 1860 trëtt de Simons zeréck, well d'Oppositioun géint seng "Staatsstreech"-Regierung am Parlament no Neiwalen ze vill grouss ginn ass. Offiziell demissionéiert en aus gesondheetleche Grënn[1].

Vun 1860 bis 1874 ass hie Member vum Staatsrot a vum 5. Januar 1869 bis de 5. Januar 1870 säi President. Hie stierft de 5. Oktober 1874 an der Stad.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Charles-Mathias Simons huet sech den 3. Mäerz 1834 zu Nenneg mat der Josephine Winckell (1815 – 1860) bestuet. D'Koppel krut dräi Kanner: Ernest Charles Damien (1835 – 1873), Joseph (1837 – 1911) a Carl Johann (1841 – 1912)[2].

Auszeechnungen[3][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 accordant au Sieur Simons démission honorable de ses fonctions de Ministre d'État. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
  2. (en)Mathias Simons (1802-1874) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1802-03-27). Gekuckt de(n) 2023-11-24.
  3. Ukënnegung vum Doud vum (Charles-)Mathias Simons an der Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Oktober 1874