Regierung de la Fontaine

Vu Wikipedia

D'Regierung de la Fontaine war vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 zu Lëtzebuerg um Rudder.

Wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

No dem Akraafttriede vun der Constitutioun, den 1. August 1848, goufen den 28. September zu Lëtzebuerg déi éischt Chamberwalen organiséiert. D'Organisatioun vu Wale war eréischt méiglech ginn, nodeem ënner dem Gouverneur Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine am Mäerz 1848 Onrouen ausgebrach waren. De 15. Mäerz hunn d'Regierung an de Kinnek-Grousshäerzog Wëllem II d'Conciliatioun mat de Bierger gesicht. D'Zensur gouf ofgeschaaft an et gouf eng verfassungsgebend Versammlung zu Ettelbréck aberuff, déi eng nei Constitutioun soll verfaassen. Den 23. Juni gouf den neie Constitutiounstext, deen nom Virbild vun der liberaler belscher Constitution modeléiert gi war, adoptéiert.

No de Wale goufen den de la Fontaine, de Vendelin Jurion, de Charles-Mathias Simons an de Jean Ulveling als Membere vun der Regierung zeréckbehalen; den Théodore Pescatore ass demissionéiert a gouf duerch de Jean-Pierre André ersat.

D'Membere vun der neier Regierung kruten aner Titelen, am Accord mat der neier Constitutioun: den de la Fontaine gouf zum President vum Regierungsconseil ernannt, a seng "Ministere" kruten den Titel vum "Administrateur général".

Déi nei Verfassung huet et der Chamber erméiglecht, eng grouss Kontroll iwwer d'Regierung z'exercéieren. D'Regierung huet sech virun der Chamber misse rechtfäerdegen, d'Actë vum Kinnek-Groussherzog goufe vun der Regierung géigenzeechent, woumat se och doriwwer d'Responsabilitéit iwwerholl huet, an d'Chamber huet de Budget votéiert.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Innepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Den de la Fontaine hat nëmmen eng schmuel Majoritéit an der Chamber déi en ënnerstëtzt. Besonnesch déi Liberal hunn him mësstraut. Innepolitesch hunn an där kuerzer Zäit 2 Dossieren dominéiert: d'Gemengegesetz, duerch dat d'Limitë vun der Gemengenautonomie an der Kontroll duerch d'Regierung gereegelt goufen, an d'Naturalisatiounsgesetz, duerch dat d'Regierung de la Fontaine schliisslech d'Vertraue vun der Chamber verluer huet an den 2. Dezember 1848 huet missen zerécktrieden.

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung de la Fontaine huet sech ëm eng enk Ubannung un den Däitsche Bond beméit, vu datt vu belsch-franséischer Säit de revolutionären Afloss gefaart gouf. Sou koum et, datt d'Regierung sech, géint de Wonsch vun der ëffentlecher Meenung, aktiv un der däitscher Politik bedeelegt huet, an souguer d'Décisioun vun der verfassungsgebender Versammlung ënnerstëtzt huet, fir Lëtzebuerger Deputéiert an de Bundestag op Frankfurt ze schécken, wou iwwer déi däitsch Eenheet gestridde gouf.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Goedert, Henri: La chute du gouvernement de la Fontaine en novembre 1848, in: Volume VIII: actes de la Section des sciences morales et politiques, Institut grand-ducal. - Luxembourg: Institut grand-ducal, 2004. - P. 195-218, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]