Jean-Pierre André

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre André
Gebuer 21. Januar 1812
Virton
Gestuerwen 7. August 1884
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fonctionnaire


De Jean-Pierre André, gebuer den 21. Januar 1812[1] zu Virton a gestuerwen de 7. August 1884[1] zu Miersch, war e lëtzebuergesche Fonctionnaire a Politiker.

Hie war Distriktskommissär vum Distrikt Gréiwemaacher a Fonctionnaire bei der Douane.

1848 war hie Member[2] vun der Assemblée constituante. Duerno, vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 Administrateur général ad interim fir Bauten, Gemengen a Militärwiesen an der Regierung de la Fontaine. Vun 1863 bis 1869 war hien Deputéierte[3] vum Kanton Miersch an der Chamber.

Hie war mat der Caroline Ernestine Servais (1815-1888), enger Schwëster vum Emmanuel Servais bestuet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 20, S. 390 BNL
  2. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 508
  3. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 509