Vendelin Jurion
| Vendelin Jurion | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
4. Juni 1806 Béibreg |
| Gestuerwen | 10. Februar 1892 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Affekot, Riichter |
| Fonctioun | President vum Staatsrot vu Lëtzebuerg, Buergermeeschter, Conseiller am Staatsrot |
| Gielercher | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
De Vendelin Jurion, gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892, war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker.
De Vendelin Jurion war Affekot um Bezierksgeriicht Dikrech, méi spéit um Ieweschte Geriicht an der Stad Letzebuerg. Zu Dikrech war e Buergermeeschter vun 1835 bis 1843.
1843 gouf e Sekretär an der Régence.
Hie war och an der Kommissioun, déi d'Lëtzebuerger Constitutioun vun 1848 ausgeschafft hat.
Vun 1842 bis 1848 a vun 1849 bis 1853 war hien Deputéierten an der Chamber. 1848 war hien och Member vun der Assemblée constituante .[1]
Dertëschent an duerno war hie Member vun der Regierung: vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 war en Administrateur général an der Regierung de la Fontaine a vum 23. September 1853 bis de 24. Juni 1856 an der Regierung Simons, wou hien all Kéier fir den Interieur zoustänneg war.
Vum 28. November 1857 bis den 10. Februar 1892 war hie Member vum Staatsrot.[2]
Zu Dikrech huet en, zesumme mam Joseph-Antoine Schroell, d'Wochenblatt für Bürger und Landleute erausginn, déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg mat engem Feuilleton.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1842)[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 1er janvier 1842, L' A, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memioral N°4 vun 1842
- Gebuer 1806
- Gestuerwen 1892
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Inneministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Editeuren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Membere vun der Assemblée constituante vun 1848 (Lëtzebuerg)
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Presidente vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Buergermeeschtere vun Dikrech
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
