Regierung Juncker-Polfer

Vu Wikipedia
De Jean-Claude Juncker an d'Lydie Polfer (2003).

D'Regierung Juncker-Polfer, eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, ass aus de Chamberwale vum 13. Juni 1999 ervirgaangen. Si gouf de 7. August 1999 vereedegt an huet aus 12 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen.

Den 31. Juli 2004 war hiert Mandat op en Enn.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister
  • Lydie Polfer (DP): Vizepremierministesch; Ausseministesch a Ministesch fir Aussenhandel; Ministesch fir ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill, sozial Solidaritéit a Jugend; Ministesch fir d'Promotioun vun der Fra
  • Erna Hennicot-Schoepges (CSV): Ministesch fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung, Ministesch fir ëffentlech Bauten
  • Michel Wolter (CSV): Inneminister
  • Luc Frieden (CSV): Justizminister; Budgetsminister
  • Anne Brasseur (DP): Ministesch fir Erzéiung, Beruffsausbildung a Sport
  • Henri Grethen (DP): Wirtschaftsminister; Transportminister
  • Charles Goerens (DP): Minister fir Kooperatioun an humanitär Hëllef; Verdeedegungsminister; Ëmweltminister
  • Carlo Wagner (DP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
  • François Biltgen (CSV): Aarbechtsminister; Minister fir Bezéiunge mam Parlament; Kultusminister; Delegéierte Minister fir Kommunikatioun
  • Joseph Schaack (DP): Staatssekretär fir ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
  • Eugène Berger (DP): Staatssekretär fir Ëmwelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]