Chamberwale vum 13. Juni 1999

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

D'Chamberwale waren de selwechten Dag wéi och d'Wale fir d'Europäescht Parlament.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 13. Juni 1999
Partei % Sëtz Differenz
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 30,1 19 -2
  Demokratesch Partei 22,4 15 +3
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 22,3 13 -4
  Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet 11,3 7 +2
  Déi Gréng 9,1 5 +-0
  Déi Lénk 3,3 1 +1
  Gréng a Liberal Allianz 1,1 0 -
  De Steierzueler 0,4 0 -
  Partei vum Drëtten Alter 0,1 0 -

D'CSV an d'LSAP, déi bis dohin an der Regierung waren, hunn 2, respektiv 4 Sëtz verluer. D'DP konnt der 3 bäigewannen, an d'ADR der 2. Och Déi Lénk kruten 1 Sëtz. D'Gréng a Liberal Allianz, De Steierzueler an d'Partei vum Drëtten Alter, déi fir d'éischt kandidéiert haten, kruten net genuch Stëmme fir e Sëtz.

Op Grond vum Walresultat koum et bei der Regierungsbildung zu enger anerer Koalitioun wéi déi an den dräi Legislaturperiode virdrun: De Jean-Claude Juncker gouf de 7. August zum Regierungschef vun enger CSV-DP Regierung vereedegt, der Regierung Juncker-Polfer.

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamber huet sech aus follgenden Deputéiert zesummegesat:[1]

*) Goufen direkt gewielt, ma hunn de 7. August 1999 op hiert Amt verzicht fir Member vun der Regierung ze ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.64.