Simone Beissel
Simone Beissel | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
27. Abrëll 1953 Lampertsbierg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Demokratesch Partei |
![]() |
D'Simone Beissel gebuer de 27. Abrëll 1953 um Lampertsbierg, ass eng lëtzebuergesch Affekotin an DP-Politikerin.
Biographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Simone Beissel ass um Lampertsbierg an enger Juristefamill opgewuess. Hir Mamm war Affekotin an hire Papp war Generalsekretär vun der MMRA vu Rodange. No hirer Première am Lycée Robert-Schuman huet si Droit zu Aix-en-Provence a Politik zu Paräis studéiert.
1987 ass si Member vun der Demokratescher Partei ginn. Vun 1995 bis 1996 war si Presidentin vum CNFL.
Si ass zanter 1991 am Stater Gemengerot, a war do vun 1999 bis 2005, an dann nees zanter 2009, och Schäffin.[1],[2]
Vun 1999 bis 2004 war si Deputéiert an der Chamber. Bei de Wale vum 20. Oktober 2013, bei deene vum 14. Oktober 2018[3] an och bei deene vum 8. Oktober 2023[4] gouf si duer erëmgewielt.
Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]
D'Simone Beissel ass bestuet an huet 2 Kanner.
Tëscht 1967 an 1973 war si e puermol, mat hirem Brudder René Beissel, lëtzebuergesch Landesmeeschterin am Seegelen.
Si ass Vizepresidentin vun der Fondation du Mérite Européen an zanter 1994 Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[5]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Simone Beissel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portrait vun der DP fir d'Wale 2009
- CV vum Simone Beissel op vdl.lu
- Artikel op www.dp.lu
- CV op www.cnfl.lu
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
- ↑ elections.lu.
- ↑ elections.public.lu
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004