Alphonse Theis
Ausgesinn
| Alphonse Theis | |
|---|---|
| Gebuer |
23. September 1930 Déifferdeng |
| Gestuerwen |
17. November 1999 Alzeng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot |
|
| |
Den Alphonse Theis, gebuer den 23. September 1930[1] zu Déifferdeng[2] a gestuerwen de 17. November 1999[3] zu Alzeng[2], war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 ass hien an d'Chamber 'nogerëtscht' a gouf bei deene vun 1989 erëmgewielt an hie war bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber.[2]
1970 gouf hien an de Gemengerot vun Hesper gewielt an hie war vun 1976 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper[2]. Him zu Éiere gouf de Stadion vun der Foussballequipp Swift Hesper Stade Alphonse Theis genannt.
Vun 1994 bis zu sengem Doud, war den Alphonse Theis Membre suppléant am Europarot.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Gebuertsdag vum Alphonse theis an der lëscht vun de lëtzebuergesche Membere vum Conseil de l'europe
- 1 2 3 4 Luxemburger Lexikon 1. Oplag, Éditions Guy Binsfeld, S. 420
- ↑ Den Dag op deem den Alphonse Theis gestuerwen ass op der Websäit vun eurocup.lu Archivéiert de 14.06.2010. Gekuckt de 05.11.2013.
