Europarot

Vu Wikipedia
Fändel vum Europarot

Den Europarot (fr: Conseil de l'Europe) ass eng tëschestaatlech Organisatioun an Europa.

En däerf net mam Europäesche Conseil oder mam Conseil vun der Europäescher Unioun (dem EU-Ministerrot) verwiesselt ginn.

Am Europarot sinn all europäesch Länner, mat Ausnam vu Russland, Wäissrussland an der Vatikanstad, Member; am Europäesche Conseil an dem Conseil vun der Europäescher Unioun (zwou Institutioune vun der Europäescher Unioun) si just d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun vertrueden.

Den Europarot gouf vun der Belsch, Dänemark, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Norwegen a Schweden offiziell den 3. August 1949 an d'Liewe geruff. En huet säi Sëtz zu Stroossbuerg.

Och wann den Europarot institutionell näischt mat der EU ze dinn huet, deelt e mat hir de selwechte Fändel an déi selwecht Hymn.

Den Europarot ass e Forum fir Debaten iwwer allgemeng europäesch Froen. Säin Zil ass et, dat Ierwen, wat d'europäesch Länner zesummen hunn, z'erhalen an den ekonomeschen a soziale Fortschrëtt virunzedreiwen.

Zanter 1993, nodeem bal all fréier kommunistesch Staate Member gi waren, befaasst den Europarot sech verstäerkt mam Erhale vun der demokratescher Sécherheet, wourënner d'Anhale vun de Mënscherechter, d'Sécherung vun den demokratesch an de rechtsstaatleche Grondprinzipie falen.

Organer[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwee wichtegst Organer vum Europarot sinn de Comité vun de Ministeren (d'Ausseministere vun de Memberlänner) an d'parlamentaresch Assemblée (Vertrieder vun den nationale Parlamenter).

2014 bis 2016 war d'Anne Brasseur Presidentin vun der Parlamentarescher Assemblée[1]

Zum Europarot gehéiert den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, dee geschaf gouf, fir d'Ëmsetzen an d'Anhale vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun ze sécheren.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Memberstaate vum Europarot

Den Europarot huet 46 Memberen ([Stand 2022). Bei d'Grënnungsmemberen (kuckt uewen) koumen no an no derbäi:

Tierkei (1949), Griicheland (zanter 1949; 1967-1974 suspendéiert), Island (1950), Däitschland (1951), Éisträich (1956), Zypern (1961), Schwäiz (1963), Malta (Abrëll 1965), Portugal (1976), Spuenien (1977), Liechtenstein (1978), San Marino (1988), Finnland (1989), Ungarn (1990), Polen (1991), Bulgarien (1992), Estland (1993), Litauen (1993), Rumänien (1993), Slowakei (1993), Slowenien (1993), Tschechien (1993), Andorra (1994), Albanien (1995), Lettland (1995), Nordmazedonien (1995), Moldawien (1995), Ukrain (1995), Kroatien (1996), Russesch Federatioun (1996-2022), Georgien (1999), Armenien (25. Januar 2001), Aserbaidjan (25. Januar 2001), Bosnien an Herzegowina (24. Abrëll 2002), Serbien (derbäikomm als Serbien a Montenegro, 3. Abrëll 2003), Monaco (5. Oktober 2004) a Montenegro (11. Mee 2007).

D'Memberschaft vun der Russescher Federatioun gouf de 15. Mäerz 2022, nodeems Russland d'Ukrain iwwfall hat, op en Enn bruecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Council of Europe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Assemblée Parlementaire vum Europarot: Anne Brasseur gewielt!" rtl.lu, 27.01.2014, 13:31.