Eurimages

Vu Wikipedia
D'Logo vun Eurimages

Eurimages ass en europäesche Filmfong vum Europarot, deen 1989 etabléiert gouf.

2022 hu sech 38 vum Europarot senge 46 Memberstaate um Fong bedeelegt, plus Kanada als associéierte Member.

Eurimages ënnerstëtzt dat onofhängegt europäescht Filmschafen, andeems et eng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Produktioun vu Spillfilmer, Animatiounsfilmer an Documentairë bitt.

De Joresbudget vu ronn 27,5 Milliounen Euro gëtt gréisstendeels vun de Memberstaate gestallt. En aneren Deel kënnt aus dem Ertrag vun accordéierte Kreditter. Och de Lëtzebuerger Filmfong bedeelegt sech mat enger Kontributioun un Eurimages. Déi Kontributioun louch 2021 bei ronn 422.000 Euro. Dofir goufen an deem Joer awer 12 lëtzebuergesch Koproduktioune mat am Ganzen 3.850.000 Euro vun Eurimages ënnerstëtzt.[1]

2019 goufen 194 eligibel Projeten agereecht. Dovu goufen 78 europäesch Koproduktioune vun Eurimages ënnerstëtzt, mat engem Duerchschnëttszouschoss vun 275.500 Euro.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 28 a 50
  2. Activity Results 2019