Europafändel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Europafändel
Och Lëtzebuerg hänkt den Europändel aus

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Europafändel besteet aus engem Kranz vun zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn.
Den Europafändel ass 1955 vum Europarot agefouert ginn. 1986 gouf e vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Am Projet vun der Europäescher Verfassung gouf dëse Fändel als offiziellt Symbol vun der Europäescher Unioun festgehalen. Aus der Europäescher Verfassung ass awer näischt ginn, wëll Holland a Frankräich an hiren entspriechende Referenden dogéint gestëmmt hun. Dowéinst huet den Europafändel och net den entspriechende Status kritt, deen an deem Projet virgesi war.

Traditionell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet. Reng zoufälleg huet d'Zuel vun de Stären deemools, d.h. vun 1986 bis zur Erweiderung 1995, der Zuel vun den deemolege Memberstaaten vun der Europäescher Unioun entsprach. D'Zuel vun de Stäre gouf zanterhier net méi geännert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europafändel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.