Memberstaate vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia
EG/EU Memberstaaten 1957-2020.

D'Europäesch Unioun (EU) huet 27 Memberstaaten:

Déi 6 Grënnungsmembere vun den Europäesche Communautéiten (1.1.1958), déi och schonn 1951 den CECA-Vertrag ënnerschriwwen haten:

Den 1. Januar 1973 koum et zum Bäitrëtt vun 3 weidere Länner:

Norwegen hat och ënnerschriwwen, datt et wéilt bäitrieden, mä d'Vollek huet dat an engem Referendum refuséiert.

Den 1. Januar 1981 ass et um Tour vu Griicheland.

Den 1. Januar 1986 trieden déi 2 Länner vun der ibeerescher Hallefinsel bäi:

Den 1. Januar 1995 trieden 3 Länner deem bäi, wat zanter 1993 duerch den Traité vu Maastricht an 'Europäesch Unioun' ëmbenannt ginn ass:

Alt nees eng Kéier huet d'norwegescht Vollek seng Regierung iwwerstëmmt a bei engem Referendum 'Neen' zum Bäitrëtt gesot.

Den 1. Mee 2004 sinn 10 Länner op ee Siess der EU bäigetrueden:

Mat Bulgarien a Rumänien, déi den 1. Januar 2007 bäigetruede sinn, huet sech d'Zuel vun de Memberstaate op 27 erhéicht.

Den 1. Juli 2013 koum mat dem 28. Memberstaat Kroatien als bis ewell lescht Land dobäi.

Den 31. Januar 2020 ass d'Vereenegt Kinnekräich aus der EU ausgetrueden. Et gëllen Iwwergangsreegele bis den 31. Dezember 2020, fir déi bestoend Rechter a Flichten duerch en neien Handelsvertrag z'ersetzen. D'EU huet zanterhier nëmmen nach 27 Memberstaaten.

Mat follgende Länner lafe Bäitrëttsverhandlungen, d. h. datt se am Gaang sinn, EU-Virschrëften an dat jeeweilegt nationaalt Recht ëmzesetzen:

Potenziell Kandidate fir Member vun der EU ze ginn, déi awer d'Konditiounen nach net erfëllen, sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Memberstaate vun der Europäescher Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien