Kosovo
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Republika e Kosovës Република Косово / Republika Kosovo Republik Kosovo | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Albanesch, Serbesch[1] | ||||
Haaptstad: | Pristina | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• Presidentin: | Vjosa Osmani | ||||
• Ministerpresident: | Albin Kurti | ||||
Fläch: | 10.887 km² | ||||
Bevëlkerung: | 1.733.872[2] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 159,3/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 17. Februar 2008 | ||||
Nationalhymn: | Evropa | ||||
Wärung: | Euro, mä net Member vun der Eurozon | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .xk[3] | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+383 |
De Kosovo (op Albanesch: Kosova; op Serbesch: Косово / Kosovo) ass en deelweis unerkannte Staat am Südoste vun Europa, deen am Februar 2008 seng Onofhängegkeet vu Serbien als Republik Kosovo erkläert huet. Serbien erkennt zwar d'Gouvernance vun der Republik iwwer den Territoire un, beusprocht en awer nach als eegen Autonom Provënz vu Kosovo a Metochien.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kosovo huet keen Accès zum Mier a läit am Zentrum vun der Balkanhallefinsel. D'Haaptstad a gréisste Stad ass Pristina. E grenzt un Albanien an Nordmazedonien am Süden, u Montenegro am Westen an u Serbien am Norden an Osten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der Antiquitéit waren an där Regioun d'Kinnekräich Dardania an déi spéider réimesch Provënz Dardania. Am Mëttelalter war se Deel vu Serbien éier se vum 15. bis an d'fréit 20. Joerhonnert Deel vum Osmanesche Räich war. Enn des 19. Joerhonnert gouf de Kosovo den Zentrum vun der albanescher Onofhängegkeetsbeweegung mat der Liga vu Prizren. Als Resultat vun der Defaite vum Osmanesche Räich am éischte Balkankrich (1912-1913) gouf et an d'Kinnekräich Serbien integréiert. No enger Vereenegungsperiod am Kinnekräich vu Jugoslawien gouf an der jugoslawescher Verfassung nom Zweete Weltkrich déi Autonom Provënz vu Kosovo a Metochien als Deel vun der jugoslawescher Deelrepublik Serbie geschaf.
Laang undauernd ethnesch Spannungen tëscht dem Kosovo senger albanescher a senger serbescher Bevëlkerung huet de Kosovo ethnesch dividéiert gelooss, wat zu interethnescher Gewalt gefouert huet, dorënner dem Kosovokrich (1998-99). De Krich ass mat enger Militärinterventioun vun der NATO zu Enn gaangen, déi d'Bundesrepublik Jugoslawien dozou gezwongen huet hir Truppen aus dem Kosovo zeréckzezéien. De Kosovo ass doropshin en UN-Protektorat ginn. De 17. Februar 2008 huet dem Kosovo säi Parlament d'Onofhängegkeet erkläert. D'Republik Kosovo gëtt diplomatesch als eegene Staat vun 96 UN-Memberstate unerkannt. Serbie weigert sech, de Kosovo als Staat unzeerkennen, obwuel et mam Accord vu Bréissel 2013 d'Legitimitéit vun de kosovareschen Institutiounen an dem Territoire säi spezielle Status a Serbien unerkannt huet. Am Accord steet, datt déi ëffentlech Institutiounen am Kosovo vun der Regierung vu Pristina an net vu Belgrad aus operéiert ginn.
De Kosovo ass zanter Juni 2009 Member beim Internationale Wärungsfong a bei der Weltbank, an zanter 2012 och bei der Europäescher Bank fir Neiopbau an Entwécklung. 22 vun de 27 EU-Memberstaten hunn d'Onofhängegkeet vum Kosovo unerkannt; Zypern, Griicheland, Rumänien, d'Slowakei a Spuenien hunn et net.
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]Wärung
[änneren | Quelltext änneren]Nom Kosovokrich, hat d'UNO d'D-Mark als offiziell Wärung agefouert, déi sech dunn als Bezuelmëttel och sou duerchgesat huet. Zanter datt et den Euro gëtt, gëtt am Kosovo domat bezuelt. De Kosovo gehéiert awer net zur Europäescher Wärungsunioun. A verschiddene serbeschen Enklave gëtt mam Serbeschen Dinar bezuelt.
Administrativ Andeelung
[änneren | Quelltext änneren]De Kosovo ass an 38 Gemengen agedeelt, déi sech aus de grousse Stied an den Dierfer an hirer Ëmgéigend zesummesetzen.
Déi gréisst Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]Rang | Numm (albanesch / serbesch) | Awunner[4] |
---|---|---|
1. | Prishtina / Priština | 205.133 |
2. | Prizren / Prizren | 181.756 |
3. | Ferizaj / Uroševac | 111.141 |
4. | Peja / Peć | 98.237 |
5. | Gjakovë / Đakovica | 96.071 |
6. | Gjilani / Gnjilane | 91.413 |
7. | Podujeva / Podujevo | 89.185 |
8. | Mitrovica / Kosovska Mitrovica | 73.160 |
9. | Vushtrria / Vučitrn | 71.042 |
10. | Suharekë / Suva Reka | 61.190 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kosovo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lännerinformatioun Kosovo vum Auswärtegen Amt Däitschland (Zougrëffsdatum 23. Februar 2008)
- ↑ Statistescht Amt vum Kosovo: Virleefeg Resultater vun der Vollekszielung 2011 (Zougrëffsdatum 13. November 2011)
- ↑ gouf temporär vum UN-Sécherheetsrot verginn
- ↑ Schätzung vun der kosovarescher Agence fir Statistik fir den 31. Dezember 2012 (Quell: ask.rks-gov.net "ESTIMATED DATA FOR 2012 BY MUNICIPALITY.xls")