Peja

Vu Wikipedia
Peja

Vue op d'Stad laanscht de Floss Wäissen Drin
Land Kosovo
Verwaltungseenheet: Distrikt Peja
Koordinaten: 42° 39’ 37’’ N
      20° 17’ 30’’ O
Fläch: 602  km²
Awunner: 96.450 (Gemeng, 2013)[1]
Héicht: 505-520 iwwer dem Mieresspigel
Websäit: www.kk.rks-gov.net/peje
D'Gemeng Peja am Kosovo:
Fichier:Peje 2006.PNG

Peja (op Albanesch; onbestëmmte Form: Pejë) oder Peć (op Serbesch; Kyrillesch: Пећ) ass déi véiertgréisste Stad am Kosovo.

Si läit an der Naturregioun Rugova am Weste vum Kosovo, net wäit ewech vun der Grenz mam Montenegro.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 13. an dem 18. Joerhonnert war d'Stad, mat Ënnerbriechungen, de Sëtz der vun serbesch-orthodoxer Kierch.[2] D'Klouschter ass haut ee vun de mëttelalterleche Monumenter am Kosovo, déi zesummen e Weltkulturierwe vun der UNESCO bilden. Am osmanesche Räich, wéi d'Stad ënner dem tierkeschen Numm İpek bekannt war, war se eng Distriktshaaptstad mat Moscheeën an ziville Gebaier. Zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert ass d'Stad Objet vun nationalisteschen Aspiratiounen an Uspréch, souwuel vun albanescher wéi och vu serbescher Säit, wat dacks zu ugespaanten interethnesche Relatiounen a Konflikter gefouert huet.

Nom éischte Balkankrich koum déi osmanesch Herrschaft 1912-1913 op en Enn. Am Oktober 1912 huet Montenegro d'Kontroll iwwer Peja geholl. Am Januar 1916, wärend dem éischte Weltkrich, huet Éisträich-Ungarn dunn d'Kontroll iwwerholl. Am Oktober 1918 gouf d'Stad vun der serbescher Arméi ageholl. Nom éischte Weltkrich ass Peja Deel vu Jugoslawien ginn (Ufanks nach Kinnekräich vun de Serben, de Kroaten an de Slowenen genannt). Tëscht 1931 an 1941 loung Peja an der jugoslawescher Provënz Zeta Banovina.

Wärend dem zweete Weltkrich gouf Peja vun Albanien besetzt, deemools engem Marionettestaat vun Italien. No der italieenescher Kapitulatioun an de leschte Méint vum Joer 1943 goufen e puer Honnert Serbe vun albanesche Paramilitär a Peja an Ëmgéigend ëmbruecht. Nom Krich gouf d'Stad nees a Jugoslawien integréiert, als Deel vu Kosovo a Metochien (1945-1963), enger autonomer Ënnerregioun vun der Sozialistescher Republik Serbien.

D'Relatiounen tëscht de Serben an den Albaner, déi d'Bevëlkerungsmajoritéit gestallt hunn, waren am 20. Joerhonnert dacks ugespaant. Si sinn 1999 am Kosovokrich eskaléiert, an deem vill Awunner ëmbruecht a vill Gebaier zerstéiert goufen.[3] Zu Peja war d'"Massaker an der Panda Bar", bei deem sechs Persounen an engem Café erschoss goufen. D'Täter waren onbekannt, bis d'serbesch Regierung Jore spéider zouginn huet, datt d'serbesch Geheimpolice déi Attack ausgefouert hat fir se der kosovarescher Befreiungsarméi kënnen zouzeschreiwen.[4] Am Krich goufen iwwer 80% vun den Haiser an der Stad entweeder staark beschiedegt oder zerstéiert.

Och wärend den interethneschen Onrouen 2004 gouf et weidere Schued.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Der Vollekszielung 2011 no hunn an der Stad Peja 48.962 Mënsche gewunnt. D'Gemeng Peja mat der Stad an der Dierfer niewendrun hat 96.450 Awunner, op enger Fläch vu 602 Quadratkilometer.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Zënter der Onofhängegkeetserkläerung vum Kosovo huet sech d'Tourismusinfrasturktur zu Peja staark entwéckelt.

D'Stad ass am Kosovo bekannt fir seng Brauerei, déi de Béier mam selwechten Numm produzéiert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Schätzung vun der kosovarescher Agence fir Statistik fir den 31. Dezember 2013 (Quell: ask.rks-gov.net "Socio-economic Data by Municipalities, 2011", 22. Juli 2017)
  2. Peje op britannica.com
  3. Time: Crimes Of War vum Johanna Mcgeary (28. Juni 1999)
  4. Peacekeeping in Albania and Kosovo: Conflict Response and International Intervention in the Western Balkans 1997 - 2002 vum Daan W. Everts, Bloomsbury Publishing