Birra Peja

Vu Wikipedia
Birra Peja Sh. a.
Grënnungsdatum 1968
Sëtz Peja, Kosovo
Branche Brauerei
Produit Béier
Homepage www.birrapeja.com

Birra Peja ass eng kosovaresch Brauerei an der Stad Peja, déi d'Béiermark mam selwechten Numm produzéiert.

Mam Bau vun der Brauerei gouf 1968 ugefaangen, 1971 gouf den éischte Béier produzéiert. Deemools war se a jugoslaweschem Staatsbesëtz an huet och nach Pećko Pivo oder Пећко пиво op Serbesch geheescht.[1] Nom Krich am Kosovo (1998-1999) gouf d'Entreprise 2006 privatiséiert. Den neien Haaptbesëtzer ass déi slowenesch Brauerei Pivovarna Laško ginn.[2] An de véier Joer duerno goufen iwwer 25 Milliounen Euro an d'Brauerei investéiert, fir se ze moderniséieren.[3]

2011 hat Birra Peja e Maartundeel vu 65 % am Kosovo.[2]

Zënter 2014 gehéiert Peja zum kosovaresche Firme-Konglomerat Devolli Group.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dw.com: „Mini Šengen“ može da vrati Pećko pivo na tržište Srbije vum Idro Seferi (10. Dezember 2020)
  2. 2,0 2,1 dnevnik.si: Pivovarno Birra Peja naj bi okrepili s konverzijo posojil v lastniške deleže (10. Mäerz 2012)
  3. Presentatioun op der Websäit vun der kosovarescher Privatisatiouns-Agence
  4. seenews.com: Slovenian brewer Pivovarna Union sells 57.63% stake in Kosovo peer Birra Peja vum Valentina Dimitrievska (16. Juli 2014)