Op den Inhalt sprangen

Prizren

Vu Wikipedia
Prizren
Land Kosovo
Vewaltungseenheet Gemeng Prizren
Awunner 186.986
  1996
Fläch 854 km²
Héicht 450 m
Koordinaten 42°13'48"N, 20°44'24"O
Postcode 20000
Websäit http://kk.rks-gov.net/prizren

Prizren (op Albanesch: Prizren oder Prizreni, op Serbesch: Призрен/Prizren) ass mat 186.986 Awunner (Stand 1996)[1] – no der Haaptstad Pristina – déi zweetgréisst Stad am Kosovo. Si ass de wichtegsten Handels- a Verwaltungszentrum am Süde vum Land. D'Gemeng Prizren grenzt un Albanien am Westen an un Nordmazedonien am Osten.

Déi meescht Awunner si Kosovo-Albaner (82%), donieft gëtt et ënner anerem 9,5% Bosnier a 5% Tierken.[2] Déi offiziell Verwaltungssprooche sinn Albanesch, Serbesch, Bosnesch an Tierkesch.

Prizren ass eng historesch Stad mat kultureller an touristescher Bedeitung fir de Kosovo. Zu de bekanntste Monumenter zielen déi al Steebréck, d'Festung an d'Sinan-Pascha-Moschee. Zanter 2002 ass all Joer den Dokumentarfilmfestival Dokufest an zanter 2011 de Musekfestival NGOM Fest.

 Commons: Prizren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. Stand: 2011