Europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun

Vu Wikipedia
Europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun 2014

D'Europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun (EWU) ass d'Associatioun vun de Memberlänner vun der EU, déi sech zesummegedoen hunn, fir hir Wirtschafts- a Finanzpolitik zee koordinéieren, d'Fluktuatioune vun de Wiesselcouren anzeschränken, respektiv anzefréieren, an doduerch d'Virausetzunge fir d'Aféierung vun enger gemeinsamer Wärung, dem Euro, z'erméiglechen. Si geet also méi wäit wéi eng reng Wirtschaftsunioun.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ausgankspunkt war de Werner-Plang,(1970) deen nom lëtzebuergeschen deemolege Staats- a Finanzminister Pierre Werner genannt war. Hie konnt zwar wéinst dem Zesummebroch vun de Wärungen net direkt realiséiert ginn. Mä eng Zuel Membere vun der EU koumen zur Usicht, datt eppes misst geschéien, fir déi erratesch Schwankunge vun de Wiesselscouren anzeschränken. No der Faillite vum Weltwärungsofkomme vu Bretton Woods, (1971), ass dunn 1972 en éischte Versuch gemaach gi fir en Europäesche Verband vun de Wiesselcouren erbäi ze féieren. Säin Zil war et, d'Wärungsschwankungen tëscht den deemolegen EWG-Länner, méi staark anzeschränken. Well dës Margë sech sollte bannent méi grousse Margë beweegen ass vun enger Schlaang, dem Serpent monétaire, geschwat ginn. Duerno koum 1979 den nächste Schrëtt, d'Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem, (EWS).

Eng Realisatioun an Etappen[änneren | Quelltext änneren]

No dem Acte unique, (1985), an opgrond vum Maastrichter Vertrag (1991), ass d'Europäesch Wirtschafts- an Wärungsunioun an dräi Etappë realiséiert ginn:

  • Déi éischt Etapp hat schonn den 1. Juli 1990 ugefaangen. Si war charakteriséiert duerch d'Realisatiouun vun engem fräie Kapitalverkéier tëscht allen deemolege Member-Länner vun der EU, an duerch méi eng enk Kooperatioun vun der Wirtschafts-, Finanz- a Geldpolitik.
  • Déi 2. Etapp ass dunn den 1. Januar 1994 gestart ginn an hat d'Kreatioun vun engem Europäesche Wärungsinstitut (EWI), Virleefer vun der Europäescher Zentralbank, als Resultat .
  • Den Ufank vun der 3. Etapp geet op den 1. Januar 1999 zeréck an huet an der Aféierung vu festen, onwidderrufleche Wiesselcoursen an dem Euro als Buchwärung bestanen. D'Kompetenz vun der Geldpolitik ass gläichzäiteg vun den nationalen Zentralbanken op en Europäesche System vun den Zentralbanken (ESZB) iwwerdro ginn.

De Wee war schlussendlech fräi fir den Euro op den 1. Januar 2002 als Boergeld, a Form vu Biljeeën a Mënzen ze materialiséieren.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Otmar Franz, Die Europäische Zentralbank, Europa-Union-Verlag, Bonn, 1990.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.