Wirtschaftsunioun

Vu Wikipedia

Eng Wirtschaftsunioun ass en Zesummeschléisse vun zwee oder méi Länner, déi wéi an enger Zollunioun, keng Taxen op de gemeinsame Grenzen erhiewen, e gemeinsamen Zolltarif op de Baussegrenzen a Kraaft setzen, an déi nach méi wäit ginn, wéi bei enger Zollunioun, doduerch, datt si och nach hir Wirtschaftspolitiken harmoniséieren.

D'Schafe vun enger Wirtschaftsunioun geschitt aus der Usiicht eraus, dat haut an eise komplexe Wirtschaftssystemer eng Zollunioun eleng net méi duergeet, fir de fräie Verkéier tëscht den Uniounslänner sécherzestellen.

D'Schafe vun enger Wirtschaftsunioun op europäeschem Niveau ass de Beweis, datt d'Wirtschaftsraim ëmmer méi grouss musse ginn, fir de modernen, wirtschaftspoliteschen Exigenzen z'entspriechen.