Op den Inhalt sprangen

Acte unique

Vu Wikipedia

Den Acte unique, och Eenheetlechen Europäeschen Akt (EEA), mam ganzen Numm Acte unique européen, ass en Europäeschen Traité, deen de 17. Februar 1986 vun 9 vun den deemools 12 Staate vun der Europäescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf (déi aner 3 koume kuerz duerno no) an deen den 1. Juli 1987 a Kraaft getrueden ass. Et war dëst e wichtege Schrëtt um Wee an d'Europäesch Unioun.

Den Acte unique huet d'Decisioune vun der Regierungskonferenz vum Europäesche Conseil vu Mailand rechtlech 'verklausuléiert'. Decidéiert war ginn, e Bannemaart ze realiséieren, d'Funktionéiere vun den Europäeschen Institutiounen ze vereinfachen, nei Politikberäicher der Communautéit z'iwwerdroen an der Europäescher Politescher Zesummenaarbecht eng rechtlech Grondlag ze ginn.

Am Acte Unique gouf dann och de Bannemaart fir d'éischt Kéier definéiert (d'fräi Zirkulatioun vu Wueren, Servicer, Persounen a Kapital) an déi 282 Rechtsakten opgezielt, déi néideg waren, fir e bis den 1. Januar 1993 ze realiséieren. D'Roll vum Europäesche Parlament ass gestäerkt ginn (et krut mam Ministesch-Conseil dat sougenannt "Codecisiounsrecht" bei enger ganzer Rëtsch Politikberäicher) an et gouf festgehalen, datt am Conseil Decisiounen zu Bannemaartpolitike mat qualifizéierter Majoritéit, an net méi mat Unanimitéit, geholl kënne ginn.

Ausserdeem gouf der Communautéit d'Zoustännegkeet iwwer déi heite Politikberäicher iwwerdroen: Wärungspolitik, Sozialpolitik, wirtschaftlech a sozial Kohesioun, Fuerschung an technologesch Entwécklung an Ëmweltpolitik. D'Memberstaate blouwen awer weiderhin eleng zoustänneg fir Decisiounen a Saache Steieren, fräi Zirkulatioun vun Aarbechter an d'Rechter vun den Employéen an Aarbechter.

Ënner anerem gouf och festgehalen, eng Organisatioun ze grënnen, fir datt d'Memberstaate besser am Strofrechtlechen Domaine zesummeschaffe kéinten.

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.