Op den Inhalt sprangen

Traité vu Lissabon

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem EU-Traité vun 2007. Fir de Friddenstraité tëscht Spuenien a Portugal, kuckt wgl. Traité vu Lissabon (1668).
EU 2007

Den Traité (oder Vertrag) vu Lissabon (am Ufank och EU-Reform-Traité genannt) ass en internationalen Traité tëscht den deemools 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, deen den 13. Dezember 2007 ënner portugisescher EU-Conseilspresidence zu Lissabon ënnerschriwwe gouf.

Den Traité iwwerhëlt wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004, deen net a Kraaft getruede war. Am Géigesaz zum Verfassungsprojet ersetzt en awer net déi Traitéen, déi et bis ewell ginn huet, mä ännert a completéiert se, notamment den EG- an EU-Traité).

Mam Lissabon-Traité kritt d'EU eng eenheetlech Struktur a gëtt eng eegestänneg Personne juridique. Aner wichteg Neierunge vum Vertrag vu Lissabon sinn d'Ausbreedung vum Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit fir déi meescht Politikberäicher bei Decisiounen am Ministesch-Conseil, d'Aféierung vum Amt vun engem Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, méi Rechter fir d'Europäescht Parlament, d'Méiglechkeet, datt 1 Millioun Bierger eng Gesetzesinitativ kënnen ufuerderen, d'méi staarkt Agebonne-Sinn vun den nationale Parlamenter an den europäesche Gesetzgebungsprozess, d'Méiglechkeet fir national Parlamenter, eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff anzereechen, d'rechtlech Verbindlechkeet vun der EU-Grondrechter-Charta an d'Méiglechkeet fir e Memberstaat, nees auszetrieden.

Den Traité ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.

 Commons: Traité vu Lissabon – Biller, Videoen oder Audiodateien