Europäesche Geriichtshaff

Vu Wikipedia

De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun (virdrun: Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten) gouf 1952 duerch den Traité vu Paräis (CECA-Traité) gegrënnt. En ass zesummegesat aus dem Europäesche Geriichtshaff (iewescht Instanz) an aus dem Geriicht vun der Europäescher Unioun (ënnescht Instanz).

Seng Aufgab ass et, dofir ze suergen, datt den Droit vun der Europäescher Unioun an alle Memberslänner d'selwecht interpretéiert an ugewannt gëtt. De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun kann a Litigen tëscht Memberstaaten, Organer vun der EU, Enterprisen oder Privatpersounen decidéieren.

De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun huet säi Sëtz an der Stad. Ronn 1900 Leit schaffen do.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

De Geriichtshaff huet ee Riichter pro Memberstaat, fir datt all national Rechtsuerdnunge solle vertruede sinn. Fir méi effektiv ze schaffen, kann de Geriichtshaff och an enger "Grousser Chamber" zesummekommen, déi aus 13 Riichteren zesummegesat ass, heiansdo och a Chambere mat 3 oder 5 Riichteren.

Dem Geriichtshaff zur Säit stinn 8 Generalaffekoten, déi d'Schlussconclusioun ausschaffen a begrënnen, déi de Riichter hëllefe sollen hiert Urteel ze fällen.

D'Riichter an d'Generalaffekote ginn op 6 Joer vun hire respektive Länner ernannt; hiert Mandat kann ëm 3 Joer verlängert ginn.

1989 gouf d'Geriicht vun der Europäescher Unioun geschaf, fir sech virun allem ëm Kloe vu Privatpersounen oder där, déi d'Konkurrenz tëscht Entreprisen zum Theema hunn, ze këmmeren. De Geriichtshaff an d'Geriicht wielen op dräi Joer e President aus hirer Mëtt. Fir de Geriichtshaff ass dat de Koen Lenaerts; fir d'Geriicht de Marc van der Woude (vun 2007 bis 2019 de Marc Jaeger).

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

Déi 4 heefegst Zorte vu Prozedure mat deenen de Geriichtshaff an d'Geriicht ze dinn hunn, sinn:

  • Demande fir eng Virop-Entscheedung ("renvoi préjudiciel"):

Wann eng national Geriichtsinstanz Zweiwelen huet, wéi d'europäescht Recht auszeleeën ass oder wéi wäit et unzewenden ass oder wéi et z'interpretéieren ass, ka se (a muss se heainsdo) en Avis vum Geriichtshaff ufroen. Deen Avis gëtt de Geriichtsraff a Form vun engem "Arrêt préjudiciel d'interprétation oder de validité" of. D'ofschléissend Urteel am Fall selwer gëtt dann awer vum nationale Geriicht gesprach.

  • Kloe géint Infractioune vun den Traitéen ("recours en manquement"):

Dës Kloe kënne vun der Europäescher Kommissioun agereecht ginn, wa si fënnt, datt e Memberstaat senge Verflichtungen, déi en duerch den europäeschen Droit huet, net nokënnt, z. B., wann en eng Direktiv net oder falsch an d'nationaalt Recht ëmgesat huet. Och d'Memberstaate kënne sou eng Klo géint en anere Memberstaat maachen. Am Fall vun engem Urteel géint e Memberstaat muss deen d'Ëmstänn, déi zur Klo gefouert hunn, direkt änneren.

  • Kloen, wann en europäesche Rechtsakt géint d'EU-Recht verstéisst ("recours en annulation"):

Wann eng Privatpersoun, e Memberstaat, de Conseil, d'Kommissioun oder d'Europäescht Parlament der Meenung sinn, e bestëmmte Rechtsakt vun der EU wier illegal, kënne se d'Annulatioun dovun ufroen.

  • Kloe géint d'Näischtmaachen ("recours en carrence"):

Duerch d'Europäesch Traitéën sinn d'Europäescht Parlament, de Conseil an d'Kommissioun derzou verflicht, ënner gewëssen Ëmmstänn bestëmmt Decisiounen ze huelen. Wa se dat net maachen, kënnen d'Memberstaaten, déi aner Organer, oder (ënner bestëmmte Konditiounen) Eenzelpersounen oder Enterprisen de Geriichtshaff froen, datt e soll feststellen, datt dëst Näischtmaachen net rechtens ass.

Wéi eng Affär ofleeft[änneren | Quelltext änneren]

Wann eng Plainte bis enregistréiert ass, gëtt se engem Riichter an engem Generalaffekot zougedeelt. D'Prozedur, déi dann uleeft, besteet aus engem schrëftlechen an engem mëndlechen Deel.

Bei der schrëftlecher Prozedur deelen d'Parteie schrëftlech hir Vuë mat, wouropshin de Riichter e Rapport mécht, an deem en dës Deklaratiounen an de rechtleche Kader zesummefaasst. Op Basis vun deem Rapport schafft de Generalaffekot seng Conclusiounen aus. Déi Conclusiounen hëllefen dem Riichter, en Urteelsprojet auszeschaffen, deen en deenen anere Riichtere matdeelt.

Duerno kënnt den zweeten Deel, déi mëndlech Verhandlung. Déi ass am Prinzip virun der "grousser Chamber", kann awer och, jee no Bedeitung a Complexitéit vun der Affär, viru manner Riichter (3 oder 5) oflafen. Hei kënnen d'Affekote vun de Parteien de Riichter an dem Generalaffekot hir Argumenter duerleeën, an dës kënne Froe stellen. Duerno presentéiert de Generalaffekot seng Conclusioune, wouropshin d'Riichter iwwer d'Urteel deliberéieren an et da verkënnegen. Den Urteelssproch gëtt mat enger Majoritéit geholl. Wann net all Riichter enger Meenung waren, gëtt dat net gesot.

Wichteg Entscheedungen[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun de wuel wichtegsten Arrête vum Geriichtshaff ass deen an der Affär "Van Gend en Loos" vun 1967. Hei gouf fir d'éischt d'Thees vun der Autonomie vum Droit vun der Gemeinschaft (haut: Unioun) festgehalen, also datt d'Memberstaate sech fräiwëlleg enger Gemeinschaft mat enger eegener Rechtsuerdnung ënnerworf hunn an dofir och en Deel vun hirer Souverainitéit ofginn hunn - e Fait, deen deen een oder anere Politiker an de Memberstaaten nawell gär vergësst. Genee sou wichteg ass den Arrêt "Costa g. ENEL" wou dës Thees widderholl gouf an d'Primautéit vum Droit vun der Gemeinschaft (haut: Unioun) festgehale gouf.

Munch Geriichtsinstanze vu verschiddene Memberstaaten (z. B. Däitschland oder Italien) di sech nawell schwéier dës Autonomie vum Droit vun der Unioun unzeerkennen. Dës Memberstaate ginn dofir als dualistesch unerkannt.

D'Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebaier, an deenen de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun ass, si mat der Zuel vun de Memberstaate vun der EU, an domat mat der Zuel vu Fäll déi behandelt ginn, an dem Personal, dat dofir gebraucht gëtt, gewuess.

Den 'alen' Deel, no baussen hin u senger markanter Corox-Stolkonstruktioun z'erkennen, gouf 1972 no Pläng vum Jean-Paul Conzémius, François Jamagne a Michel Van der Elst gebaut. E gouf tëscht 2000 an 2009 komplett entkäert a restauréiert, ë. a. fir dem Asbest deen deemools verschafft gi war, lasszeginn. Dora si 5 Säll fir d'Geriichstverhandlungen, all mat Dolmetscherkabinnen a Plaz fir d'Publikum. Dee gréissten dovun, d'Grande salle d'audience, huet 23 Dolmetscherhaisercher a bitt 300 Virwëtzege Plaz. Ausserdeem gëtt et do Raim fir Konferenzen, fir d'Press a fir Visiteursgruppen.

Am Gebai ronderëm, dat op 2 Stäck ausgeluecht ass, hunn déi 27 Riichter, déi 8 Generalaffekoten an hir all Kéier 6 Mataarbechter hir Büroen.

Dës am Ganzen 10.000 m² goufen Enn 2008 méi wéi verduebelt, wéi déi zwéin 107 m héich Tierm, mat jee 25 Stäck, déi ëstlech vum Haaptgebai gebaut goufen, a Betrib geholl goufen. Dora si virun allem déi ronn 1000 Iwwersetzer installéiert. Déi Tierm hunn 350 Mio. Euro kascht.

Tëscht den Tierm an den anere Gebaier sinn eng Bibliothéik, eng Kantinn a Formatiounssäll.

2015 gouf et d'gréng Luucht fir eng weider Vergréisserung a Form vun engem drëtten Tuerm, deen nieft déi zwéin existent gebaut gouf. En huet huet 30 Stäck, knapps 40.000 m² hunn, wouvunner ronn 15.000 m² Bürosfläche sinn, op där bis zu 750 Leit schaffe kënnen. De Käschtepunkt war op 169 Milliounen Euro ugesat. E gouf den 19. September 2019 ageweit.[1] Mat 115 Meter ass den 3. Tuerm dat héchst Gebai zu Lëtzebuerg (ouni Masten a Brécken) zu Lëtzebuerg.[2]

Den Architekt vun den dräi Tierm ass den Dominique Perrault, deen ë. a. och déi franséisch Nationalbibliothéik zu Paräis entworf huet.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun däerf net mam Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter verwiesselt ginn. Deen huet säi Sëtz zu Stroossbuerg an ass en Organ vum Europarot.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäesche Geriichtshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "En Donneschdeg gëtt den 3. Tuerm vum europäesche Geriichtshaff ageweit." rtl.lu, 18.09.2019 21:18.
  2. "Europäesche Geriichtshaff baut fir d'5. Kéier bäi" rtl.lu, 09.09.2015, 08:03:06.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.