Cour constitutionnelle (Lëtzebuerg)
Cour constitutionnelle | |
---|---|
D'Gebai vun der Cour constitutionnelle an der Cité judiciaire | |
Land | Lëtzebuerg |
Verwaltungssëtz | Cité judiciaire |
Gegrënnt | 27. Juli 1997 |
De Verfassungshaff och alt Verfassungeriicht ((fr) Cour constitutionnelle), ass e Geriicht zu Lëtzebuerg, dat mam Gesetz vum 27. Juli 1997 geschaf gouf[1] an zënter dem 1. Oktober 1997 driwwer urteelt, ob e Gesetz konform zur Constitutioun ass. De Sëtz vum Verfassungshaff ass an der Stad.
Historique[2]
[änneren | Quelltext änneren]Wéi déi administrativ Juridictiounen zu Lëtzebuerg geschaaft goufen, ass nach en anert Theema op den Dësch komm, an zwar dat, datt et zu Lëtzebuerg kee Verfassungsgeriicht gouf. Mat der Ausnam vun Holland, haten all déi aner westeuropäesch Länner zanter der Nokrichszäit e Geriicht ageriicht, fir ze garantéieren datt d'Gesetzer vum Land déi jeeweileg Constitutioun respektéieren: d'Corte costituzionale an Italien (1948), dat däitscht Bundesverfassungsgericht (1951) oder de franséische Conseil constitutionnel (1958).
Iwwer Joerzéngten huet Lëtzebuerg sech net an der Evolutioun vun enger riichterlecher Kontroll fir Verfassungskonformitéit engagéiert. Deels ass dat dorop zeréckféieren, datt d'Exekutiv Angscht virun enger iwwerméisseg staarker Justizmuecht hat. E Verfassungsgeriicht kann nämlech d'Aarbecht vun den Deputéierten eeschtlech behënneren, wann et z. B. Reformprojeten als net konform zur Verfassung deklaréiert.
Déi Angscht erkläert eventuell och firwat d'Muecht vum Verfassungsgeriicht relativ kleng ass am Verglach mat den aneren europäeschen Institutiounen. De Lëtzebuerger Verfassungshaff spillt z. B. keng Roll am Prozess vum Schafe vun de Gesetzer a kann deemno just iwwer hir Konformitéit urteelen, nodeems d'Gesetz a Kraaft ass. Datt de Verfassungshaff keng Kompetenze beim Ausschaffe vun de Gesetzer krut, huet mat der Tatsaach ze dinn, datt de Staatsrot eng wichteg Roll an där Phas spillt, an direkt op Netkonformitéite zur Verfassung hiweise kann.
Aner Punkten, déi dem Verfassungshaff seng Muecht kleng halen, ass engersäits de Fait, datt et just iwwer national Gesetzer an net iwwer international Verträg jugéiere kann an anersäits kann et weeder vun ëffentlechen Autoritéiten nach vun Eenzelpersounen ugeruff ginn, obwuel déi an den Nopeschlänner d'Quell vun Dausende vu Reklamatioune sinn.
Kompetenzberäich
[änneren | Quelltext änneren]De Verfassungshaff gëtt ugeruff, wa sech an der uerdentlecher oder administrativer Geriichtsbarkeet eng Fro iwwer d'Konformitéit vun engem Gesetz zur Verfassung stellt, ausser et betrëfft d'Approbatioun vun Traitéen. De Verfassungshaff trëfft en Urteel a Form vun engem Arrêt, deen anonymiséiert am Mémorial publizéiert gëtt.
An de Kompetenzberäich vum Verfassungshaff fält zënter dem 1. Juli 2023 ë. a. och, fir d'Konflikter vun der Attributioun ze reegelen[3]. En Attributiounskonflikt besteet z. B. wann déi jeeweileg Kompetenz vun den zwou Geriichtsbarkeeten (uerdentlech an administrativ Geriichtsbarkeet) a Fro gestallt gëtt.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]De Verfassungshaff besteet aus néng Memberen: e President, e Vizepresident a siwe Conseilleren. Fir d'Conseillere gëtt et och all Kéier e Suppleant. All d'Membere vun der Cour constitutionnelle gi vum Grand-Duc genannt.
De President vun der Cour supérieure de justice, de President vun der Cour administrative an déi zwee déngschteelst Conseillere vun der Cour de cassation sinn d'office Member vum Verfassungshaff. Déi fënnef aner Conseilleren an déi siwe Suppleante gi vum Grand-Duc ernannt, op Basis vun engem gemeinsamen Avis vun der Cour supérieure de justice an dem Verwaltungshaff.
Um Verfassungshaff gëtt et just eng eenzeg Kummer an d'Geriichtsverhandlunge ginn am Prinzip vu fënnef Riichtere geleet; a speziellen, komplexe Fäll, ka se'och als Plenière mat néng Membere siegéieren.
Uruffe vum Geriicht
[änneren | Quelltext änneren]Wa virun engem Geriicht eng Partei eng Fro iwwer d'Konformitéit vun engem Gesetz zur Verfassung opwerft, muss d'Geriicht d'Affär un d'Verfassungsgeriicht viruginn, ausser:
- eng Decisioun iwwer d'Fro déi opgeworf gouf, ass net néideg fir en Urteel ze spriechen;
- d'Fro vun der Verfassungskonformitéiet ass sënnlos;
- de Verfassungshaff huet schonn eng Kéier iwwer eng Fro mat demselwechte Sujet geurteelt.
Am Verglach mat anere Geriichtsbarkeeten urteelt de Verfassungshaff just e puermol am Joer, an e brauch dofir och net permanent ze siegéieren.[2]
Geriichtsschreiwer
[änneren | Quelltext änneren]D'Geriichtsschreiwer vum Ieweschte Geriichtshaff fungéieren als Geriichtsschreiwer vum Verfassungshaff.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Nationale Justizrot
- Geriichtlech Kontrollautoritéit
- Europäesche Geriichtshaff
- Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter
- Benelux Geriichtshaff
- Justizministère
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 27 juillet 1997 portant organisation de la Cour Constitutionnelle. data.legilux.public.lu (27.07.1997). Gekuckt de(n) 29.11.2024.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Vera Fritz; Denis Scuto, Elisabeth Wingerter, La mise à jour d’une organisation judiciaire héritée du 19e siècle (1980–2020) – 7 - La création de la Cour constitutionnelle (PDF). Histoire de la Justice au Luxembourg (1795 à nos jours) 259 (17). De Gruyter Oldenbourg (2022). Gekuckt de(n) 29.11.2024.
- ↑ (fr)Loi du 23 janvier 2023 portant règlement des conflits d’attribution et portant modification de la loi modifiée du 27 juillet 1997 portant organisation de la Cour Constitutionnelle. data.legilux.public.lu (27.07.1997). Gekuckt de(n) 29.11.2024.