Op den Inhalt sprangen

Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
D'Geriichtsbezierker zu Lëtzebuerg: ██ Dikrech ██ Lëtzebuerg

E Geriichtsbezierk ((fr) Arrondissement judiciaire) zu Lëtzebuerg ass eng territorial Opdeelung, an där e Bezierksgeriicht ((fr) Tribunal d'arrondissement) zoustänneg ass. Et gëtt zwee Geriichtsbezierker: de Geriichtsbezierk Lëtzebuerg an de Geriichtsbezierk Dikrech. All Bezierk huet säin eegent Bezierksgeriicht, dat fir déi zivil a kommerziell Affären zoustänneg ass, souwäit déi vum Gesetz net ausdrécklech enger anerer Geriichtsbarkeet zougewise goufen.

Am strofrechtleche Beräich bestinn d'Bezierksgeriichter aus enger Chambre correctionnelle an enger Chambre criminelle, déi d'Affäre jee no Gravitéit vun der Strofdot verhandelen.

Do dernieft gëtt et nach d'Jugend- a Momperschaftsgeriicht ((fr) tribunal de la jeunesse et des tutelles) fir iwwer déi Fäll vum Jugendschutz ze urteelen, déi vum Gesetz virgesi sinn.

Territorial Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

A Funktioun vun der Matière ëm déi et geet, leet d'Gesetz fest, wat fir eng Geriichtsbarkeet (Juridiktioun) zoustänneg ass. Fir all Affär fir déi keng speziell territorial Juridiktioun vum Gesetz virgesinn ass, gëllt d'territorial Kompetenz vum Wunnuert vum Bekloten[1]. Fir erauszefannen, wat fir eng territorial Juridiktioun zoustänneg ass, muss tëscht de verschiddenen Niveaue vun de Geriichter, ënnerscheet ginn.

National Kompetenz

[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Cour supérieure de justice, d'Cour de cassation, d'Cour d'appel an d'Cour constitutionnelle gëtt et keng territorial Opdeelung, déi si fir de ganzen Territoire vum Groussherzogtum zoustänneg.[2]

Bezierksgeriichter (tribunal d'arrondissement)

[änneren | Quelltext änneren]

Geriichtsbezierk Lëtzebuerg[3]

[änneren | Quelltext änneren]

Am Bezierk Lëtzebuerg ginn d'Affäre jee no Sujet vum President vum Tribunal op eng vun den 21 Kummeren[4] (Chamberen) verdeelt.[5]

D'Bezierksgeriicht Lëtzebuerg ass zoustänneg fir:

Bezierksgeriicht – Bezierk Lëtzebuerg
Kanton Gemengen[6]
Capellen Dippech, Garnech, Habscht, Käerjeng, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Stengefort
Esch-Uelzecht Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng
Gréiwemaacher Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Jonglënster, Mäertert, Manternach, Wuermer
Lëtzebuerg Bartreng, Conter, Hesper, Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer, Weiler zum Tuer
Miersch Biissen, Colmer-Bierg, Fëschbech, Fiels, Helperknapp, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer
Réimech Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes

Geriichtsbezierk Dikrech[3]

[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezierksgeriicht Dikrech ass zoustänneg fir:

Bezierksgeriicht a Friddensgeriicht – Bezierk Dikrech
Kanton Gemengen[6]
Dikrech Ärenzdall, Bettenduerf, Buerschent, Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldeng op der Sauer, Mäerzeg, Reisduerf, Schieren
Iechternach Beefort, Bech, Bäerdref, Iechternach, Konsdref, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg
Klierf Ëlwen, Klierf, Parc Housen, Wäiswampech, Wëntger
Réiden Biekerech, Ell, Groussbus-Wal, Préizerdaul, Rammerech, Réiden op der Atert, Sëll, Useldeng, Viichten
Veianen Pëtschent, Tandel, Veianen
Wolz Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, Kiischpelt, Stauséigemeng, Wanseler, Wolz

Friddensgeriichter (justice de paix)

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi Friddensgeriichter zu Lëtzebuerg:

D'Friddensgeriicht an der Stad ass zoustänneg fir[7]:

Friddensgeriicht Lëtzebuerg
Kanton Gemengen[6]
Gréiwemaacher Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Jonglënster, Mäertert, Manternach, Wuermer
Lëtzebuerg Bartreng, Conter, Hesper, Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer, Weiler zum Tuer
Miersch Biissen, Colmer-Bierg, Fëschbech, Fiels, Helperknapp, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer
Réimech Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes
an zousätzlech: Garnech, Habscht, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Stengefort

Fir d'Friddensgeriicht Dikrech zielt déi selwecht Opdeelung wéi fir Bezierksgeriicht Dikrech[7].

Esch-Uelzecht

[änneren | Quelltext änneren]

D'Friddensgeriicht zu Esch ass zoustänneg fir[7]:

Friddensgeriicht Esch
Kanton Gemengen[6]
Esch-Uelzecht Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng
an zousätzlech: Dippech, Käerjeng

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Nouveau Code de procédure civile Art. 28. data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 04.12.2024.. "En matière personnelle ou mobilière, ainsi qu'en toutes matières pour lesquelles une compétence territoriale particulière n'est pas indiquée par la loi, la juridiction compétente est celle du domicile du défendeur; si le défendeur n'a pas de domicile, celle de sa résidence."
  2. (fr)Répertoire des localités. justice.public.lu (09.12.2019). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
  3. 3,0 3,1 (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire ANNEXE - Tableau des arrondissements judiciaires visé à l’article 10 de la loi. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
  4. Stand: 2023
  5. (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu B. Tribunaux d’arrondissement, S. 52. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 An der Annexe vum Gesetz vun 1980 stinn deels nach d'Nimm vu fréiere Gemengen, ouni op eventuell Fusiounen anzegoen. An dësem Tableau sinn d'Gemengen op den 1. September 2023 aktualiséiert ginn.
  7. 7,0 7,1 7,2 (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.