Gemeng Keel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Keel
Detailer
d'Märei um Widdem
d'Märei um Widdem
An anere
Sproochen:
fr: Kayl
de: Kayl
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: John Lorent (LSAP)
Awunner Gemeng: 8.660
(2016)
Fläch Gemeng: 1.486 ha
Koordinaten: Gnome-globe.svg49° 29’ 11’’ N
     6° 2’ 21’’ O
D'Gemeng Keel (orange)  am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Keel (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Keel, fir d'Awunner Käl ass eng vun den 105 Lëtzebuerger Gemengen. Si läit am Kanton Esch-Uelzecht; den Haaptuert vun der Gemeng ass d'Uertschaft Keel.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Reliefkaart vun de Bierger
Géi Wand um Hesselsbierg zu Téiteng
Stroosseplang

D'Gemeng Keel ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Käldall, wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. Obwuel Rëmeleng (49°26'53") déi südlechst Uertschaft ass, läit de südlechste Punkt vum Lëtzebuerger Land an der Gemeng Keel, um Bann vun der Sektioun Téiteng, op der Grenzmaark FL-96 (49°26'51"). Duerch den Dall leeft vu Süden no Norden d'Keelbaach. De Käldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge Bierger, déi den nërdlechen Deel vun der Cuesta vum Dogger duerstellen.

Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.

Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer a bis an d'lescht Joerhonnert, wat dem Land säi Räichtum bruecht huet.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Keel huet hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 30. Mee 1975 kritt (Memorial B vun 1975, Säit 534).

D'heraldesch Beschreiwung am Originaltext ass:
D'or au griffon de sable, armé et lampassé de gueules, wat op Lëtzebuergesch heescht, datt op engem gëllene Schëld e schwaarze Gräif mat roude Krallen an enger rouder Zong ass.

D'Gemeng Keel krut de Wopen zwar schonn eng Kéier 1972 zougesprach, awer well do Gesetzer sech iwwerschnidden haten, an eent dat anert ausser Kraaft gesat hat, ass dat net als rechtskräfteg ugesi ginn, sou datt d'Prozedur 1975 nach eng Kéier gemaach gouf.

Bevëlkerungsentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1869, an deem d'Eisenindustrie gegrënnt an a Schwong koum, war Keel déi zweetgréisst Gemeng am Minett: Esch-Uelzecht 2869 Awunner, Keel 2864, Déifferdeng 2238, Diddeleng 1678 a Péiteng 1101 Awunner.

1951 war d'Gemeng Keel 1951 déi sechstgréisste Gemeng vum Land. D'Gemengenawunnerzuel war deemools 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner an der Uertschaft Keel waren.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Source: STATEC

Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Keel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 5 2 - 6
2005 3 2 - 8
2011 3 2 2 6

Quell: Inneministère / RTL.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • 1844: Jean Wilhelm[1]
  • ...
  • 1946: Mich Junkel[2]
  • ...
  • 2005 - haut: John Lorent (LSAP)

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Keel ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jos Dupong: Kayl in der Geschichte, Sankt-Paulus-Dréckerei Lëtzebuerg, Éischt Oplo: 1963, Zweet Oplo:1997
  • Jules Kauffmann: Kayl früher und heute, Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1988
  • Jules Kauffmann: Das Denkmal am "Sperrewee", Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1990
  • Jules Kauffmann: Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1993
  • Les Cyclistes Kayl: Centenaire du Velo-Club "L.C.Kayl", Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1996
  • Jules Kauffmann: Kayl um Giinzebechel, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 2000
  • Marcel Bouschet / Gilbert Maurer: 70 Joer Käler Basket, Dréckerei St Paul Lëtzebuerg, Oplo 2002

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  2. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX