Op den Inhalt sprangen

Gare Keel

Vu Wikipedia
Gare Keel
D'Gare vu Keel (2006)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1. Juni 1860
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Keel
Koordinaten 49°29'8"N, 6°2'8"O
Reseau
Statiounscode Ka
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng
Linn(en) Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng
P.K. 7,045 km
Gleiser mat Quai 1
Passagéier/Joer 5.463
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Näerzeng,
Gare Téiteng
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Kayl
Kaart
Lag vun der Gare Keel

D'Gare Keel ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Zentrum vu Keel, an der Gemeng mam selwechten Numm. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Näerzeng - Rëmeleng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Se läit tëscht der Gare Näerzeng an där vun Téiteng. Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 72 Plazen, spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit an och Plaze fir Elektrogefierer opzelueden[1]. Et gëtt och eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.

Nërdlech vun der Gare ginn d'Bushalte Kayl, route d'Esch a Kayl, Bréck vun e puer RGTR- an TICE-Linnen ugefuer.

D'Streck Beetebuerg - Näerzeng - Rëmeleng ass den 1. Juni 1860 vun der Compagnie Guillaume-Luxembourg opgemaach ginn. Zu Keel bestoung sengerzäit just e Verluedequai. Fir de Persounentrafick ass d'Gare Keel de 24. Mäerz 1874 opgaangen. Uganks bestoung do just en hëlze Waardehaischen, ier 1881 e Voyageursgebai an e Materialschapp gebaut goufen.

Haut huet d'Keeler Gare keen CFL-Büro méi. D'CFL huet d'Gebai fir de symbolesche Frang un d'Gemeng verlount.

An der Gare hu verschidde Veräiner hire Sëtz:

  • de Syndicat d'Initiative Kayl Tétange SITCK
  • de Foyer de la Femme Kayl
  • den Aarbechterënnerstëtzungsveräin Käl
  • d'Amis de la Fleur

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Näerzeng ↔ Rëmeleng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare Keel gëtt just vu méindes bis samschdes an de Spëtzestonnen ugefuer.

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Näerzeng Näerzeng   RB   Téiteng Rëmeleng
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Rëmeleng Téiteng   RB   Näerzeng Näerzeng
 Commons: Gare Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Noémie Engels, Ouverture Parking Gare - Administration Communale de Kayl (22.03.2024). Gekuckt den 18.03.2025.