Gare Esch-Uelzecht
|
| |
| Typ | Gare |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 1860 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Esch-Uelzecht |
| Koordinaten | 49°29'41"N, 5°59'9"O |
| Héicht i. M. | 297 m |
| Reseau | |
| Statiounscode | Es |
| Bedreiwer | CFL |
| Streck(en) | Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht, Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth, Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng |
| P.K. | 9,504 km, 0,00 km |
| Gleiser | 3 + 5 Betribsgleiser |
| Gleiser mat Quai | 3 |
| Passagéier/Joer | 2.831.327 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Belval-Université, Gare Däitsch-Oth, Gare Schëffleng |
| Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Esch-sur-Alzette |
|
| |
D'Gare vun Esch-Uelzecht ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südëstlech am Zentrum vun Esch-Uelzecht, an der Sektioun Esch-Süd vun der Gemeng Esch-Uelzecht.
Se gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- an der Niewelinn Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth.
A Richtung Péiteng läit d'Escher Gare tëscht der Gare Schëffleng an där vu Belval-Université. S'ass Terminus-Gare vun der Linn op Däitsch-Oth, wat och déi nächst an eenzeg aner Statioun op där Antenn ass.
Bei der Gare vun Esch-Uelzecht gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen a virun der Gare ass och eng Busgare. An der Ëmgéigend gëtt et just käschteflichteg Parkplazen.
Geschicht a Chronologie
[änneren | Quelltext änneren]- 1859 gouf déi éischt Escher Gare an der rue Saint-Antoine opgeriicht.
- 1879 gouf eng nei Gare um haitege Boulevard J.-F. Kennedy gebaut
- 1958 gouf eng nei Marchandise-Gare gebaut
- 1959 gouf déi al Gare um Boulevard Kennedy ewechgerappt a mat engem neie Gebai ersat, déi dann nëmme méi fir Persounentransport geduecht ass.
- 2009 gouf d'Busgare vun der rietser Säit vum Gebai op déi lénks Säit verluecht
- 2014 gouf d'Hal vum Gare-Gebai ofgerappt, fir mat enger neier ersat ze ginn, déi an en administratiivt Gebai integréiert ass.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]D'Hal vum Gebai, déi ëm 1959 gebaut gi war (Architekt: Jean Prouvé), gouf am November-Dezember 2014 ofgerappt a gouf duerch en neit Gebai, an deem ënnenan ë. a. e klenge Supermarché amenagéiert gouf, ersat. Dat neit Gebai huet iwwer der Agangshal mat der Salle d'attente, am Géigesaz zum alen, fënnef Stäck, déi un d'Steierverwaltung verlount ginn.
Ausserdeem gouf direkt niewendrun, ier ee bei d'Passerell fir op de Gaalgebierg kënnt, eng nei Jugendherberg gebaut.[1] Béid goufen 2017 fäerdeg.
D'Haus ëstlech vun der fréierer Hal, dat déi selwecht Zäit als Appartementshaus gebaut gouf (mat ënnenan engem Garë-Buffet), gouf an den 2000er Jore renovéiert; et ass mëttlerweil de Sekretariatssëtz vun der Groussregioun.

Busgare
[änneren | Quelltext änneren]Eng iwwerdaacht Busgare op der lénkser (nërdlecher) Säit virum Gebai erlaabt et de Passagéier fir vun do och mat engem TICE-, RGTR- oder dem Escher City-Bus virunzefueren.
Bei der Gare hale follgend Linnen:
| Betrib | Linnen |
|---|---|
| TICE | 1, 2, 3, 4, 5, 7, 12, 13, 15 a 17. |
| RGTR | 551,
600, 602, 603, 610, 611, 612, 621, 640, 641, 642, 643, 650, 660, 662, 691, |
| City-Bus Esch | Navette Gaalgebierg |
Virun November 2009[2] war d'Busgare op der rietser Säit vum Gebai.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Mäerz 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Ëlwen | Schëffleng | RE | Belval-Université | Rodange | ||
| Miersch | Schëffleng | RE | Belval-Université | Péiteng | ||
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Lëtzebuerg | Schëffleng | RE | Belval-Université | Rodange | ||
| Lëtzebuerg | Schëffleng | RB | Belval-Université | Péiteng oder Rodange[3] | ||
| Näerzeng | Terminus | RB | Däitsch-Oth | Däitsch-Oth | ||
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Gare vun 1879
- D'Gebai vun 1959
- Schantje vum neie Gebai an der Jugendherberg, 2015.
- Voyageurs-Hal bannenan, 2022.
- Ramp fir op de Quai 2
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Linster, Alain (Ed.): Gare CFL Esch-sur-Alzette, in: Jean Prouvé au Luxembourg, Nr 5, Fondation de l'architecture et de l'ingénerie, 1998, ISBN 2-919906-02-X, Ss. 14-15
- "Gare des voyageurs à Esch-sur-Alzette." in: Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 2010, S.76-77 ISBN 978-99959-680-0-7.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Esch-Uelzecht
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare vun Esch-Uelzecht op der CFL-Websäit
- D'Gare Esch-Uelzecht op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Esch-Uelzecht op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
- Anne Julie Heintz, „Ein neuer Bahnhof für Esch“, op wort.lu den 29. Oktober 2018
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (L.E.): "Esch/Alzette: Die Bahnhofshalle und ihre Geschichte." wort.lu, 4. Dezember 2014, 06:00.
- ↑ Wort.lu: Mit Bus und Bahn nach Belval
- ↑ just de Weekend an op Feierdeeg

