Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn
D'Gare vun Téiteng
Streckekaart vun der Linn 6d
Linnennummer 6d
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Téiteng
op Laangegronn
opgaangen 29. September 1884
Technesch Donnéeën
Längt 3,3 km
Gréisst Steigung 24 ‰
Klengste Radius 184,282 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 40 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
P.K.
Uschloss: Näerzeng-Rëmeleng
Gare Téiteng 0,00
PN 106 Téiteng (Kierfecht) 1,140
PN 106a Rëmeleng (Kierfechtsstrooss) 1,852
Tunnel Huttbierg (80 m) 1,910
Rëmeleng (Paartegronn) 2,065
Rëmeleng (Escher Strooss) 2,515
Rëmeleng (Escher Strooss) 2,590
PN 106b Rëmeleng (Rembur) fir Foussgänger 2,745
Rëmeleng (Heedterwee / Deel Rembur) 3,020
Intermoselle am Laangegronn 3,300

D'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Téiteng bis bei d'Zementswierk am Laangegronn.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt als Linn 6d bezeechent an ass eng Antenn vun der CFL-Linn 6. D'Gleis huet säin Ufank an der Téitenger Gare, wou et awer nach bis bei de Rëmelenger Kierfecht nieft dem Gleis vun der Linn 6c leeft, ier et dann a Richtung vum Rëmelenger Laangegronn ofbéit.

Déi 3,3 km laang eegleiseg Streck gëtt just fir de Giddertransport fir d'Zementwierk vun der fréierer Intermoselle benotzt. D'Vitess op der Streck ass op 40 km/h limitéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn déi deemools vun der Guillaume-Luxembourg exploitéiert gouf, ass den 29.September 1884 opgaangen, wéi den Tunnel Huttbierg vu ronn 100 Meter Längt fäerdeg gebaut war.

Am Ufank ass et drëms gaange fir Minett op verschidde Quaie sichen ze goen. E Gleis goung souguer bis op de Rëmelenger Kierchbierg. Nom Néiergank vun der Minettsfërderung huet uganks der 1970er Joren de Bau vun der Intermoselle en neie Besoin fir dës Linn beschaaft. An deem Kader sinn e puer Ëmännerunge geschitt: d'Barriär am Laangegronn (PN 107) ass zougemaach ginn an e puer honnert Meter méi héich gouf eng Bréck gebaut fir Camionen en Accès op d'Intermoselle ze ginn.

1980 gouf d'Linn elektrifizéiert.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]