Kierchbierg (Rëmeleng)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Al Kallekiewen um Kierchbierg zu Rëmeleng

De Kierchbierg ass en Deel vu Rëmeleng, e Minettsbierg südlech vum alen Duerfkär an ëstlech vun Haasselt an dem Heedterwee, wou haut d'Cité Kierchbierg steet.

Den Numm kënnt dohier datt um Bord vum Bierg schonn zanter Mënschegedenken eng Kapell stoung, wuel um Dräieck wou Kierchstrooss, Kräizstrooss an Heedterwee zesummestoussen. Fir d'éischt ernimmt gouf dës Kapell am Weistem vum 10. September 1384[1]. Et war eng kleng Kierch, mat der Muttergottes als Patréinesch a mam Hellege Sebastian als Niewepatréiner. Si war dacks a schappegem Zoustand, mä et huet bis zum Joer 1841 gedauert ier déi al ofgebrach a mat ville vun hire Materialien am Happgaart (um Schléiwenhaff, wou haut d'Precoce ass) eng nei gebaut gouf[2].

Spéider dunn ass do eng Minière iwwer Dag opgaangen, déi e Lach vun 30 m Déift an de Bierg gerappt huet. Net vergiess sief och d'Konzessioun Kierchbierg, wou déi belsch Aktiegesellschaft John Cockerill vun 1880 bis 1930 d'Minett ënner Dag ofbaue gelooss huet (an duerch déi den Zougank an d'Konzessioun Walert war).
Am Kierchbierg louchen (nieft décke Kalleksschichten) déi folgend Lager[2]:

  • 2,6 m sandeg Rout
  • 1,7 m sandeg Rout
  • 1,8 m kallekeg Rout
  • 3,0 m Giel
  • 3,5 m Gro
  • 0,2 m Spure vun där Bronger
  • 0,2 m Spure vun där Schwaarzer

Op Kierchbierg 2 hat dem Léon Berens seng UMBR e Steebroch a véier Kalleksiewen, déi an Dag an Nuetbetrib Hüttekallek, Zement an Düngerkallek ervirbruecht hunn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. S. Töpfer, Urkundenbuch III, S. 301-302
  2. 2,0 2,1 Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957