Léon Berens

Vu Wikipedia
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léon Berens
BerensLeon(jonk).jpg
Gebuer 8. Mee 1895
Rëmeleng
Gestuerwen 10. November 1975
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Léon Berens, gebuer den 8. Mee 1895 zu Rëmeleng a gestuerwen den 10. November 1975 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergeschen Industrielle vu Rëmeleng.

Scho säin Ur-Grousspapp Jean Berens-Breyer huet 1807 ugefaang op der Heed Kalleksteng ze briechen[2] an ugefaang Minett an Däitschland a Frankräich z'exportéieren. Säi Grousspapp Jacques Berens (1826-1902) huet d'Minières Berens, Rumelange gegrënnt[3]. Nieft verschiddene Minièren hat de Léon Berens och d'Kalleksiewen um Kierchbierg.

En ass 1915 an den industrielle Betrib vu sengem Papp Jean Berens-Jost (1859-1923) agetratt, a leedender Positioun.[4]

1928 ass e fir déi liberal Radikal Partei mat an d'Chamberwale gaangen.[5] Seng Partei krut am Bezierk Süd awer just zwee Sëtz an hie war den zwieleften.[6]

Am November 1941 war en zu Hinzert inhaftéiert[7] wéinst dem Verdacht der Resistenz Suen iwwerwisen ze hunn[8], mä no net allzelaanger Zäit koum en nees fräi a gouf vun der Kreesleedung als Verwaltungsbäirot vun der Gewerkschaft Lützelburg agesat (déi ausser den Hüttegrouwen all aner Grouwen zesummegefaasst huet)[9].

Hee war laang Jore President vum Syndicat d'Initiative vu Rëmeleng. Vun 1916 bis 1946 war en och President vum Rëmelenger Tennisclub[10].

De Betrib huet laang Zäit floréiert, 1949 hat de Léon Berens 146 Mann beschäftegt.[11]

De 16. Abrëll 1960 gouf seng Faillite gesprach[12]. 1961 gouf d'Minière Berens zougemaach.

Seng Villa mat engem klenge Park stoung an der Brunnestrooss hanner dem Bricheschhaff.

Hie war mat der Emilie Lecuit bestuet[13]. Si ass den 10. Oktober 1956 zu Rëmeleng verscheet[14].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Minières Berens Rumelange. Revue N° 46 vum 15. November 1952 S. 12-17 mat 28 Fotoen
  • Minières Berens zeigt neue Kalköfen. Revue N° 21 vum 21. Mee 1955 S. 31

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxroots.com
  2. d'Lëtzebuerger Land, 26. Juli 1957
  3. A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr. 12 vum 22. Mäerz 1936
  4. Luxemburger Wort, Nr. 347 vum 13. Dezember 1945
  5. Luxemburger Wort, Nr. 132 vum 11. Mee 1928
  6. Luxemburger Wort, Nr. 158 vum 6. Juni 1928
  7. Tageblatt, Nr 301 vum 29. Dezember 1949
  8. Tageblatt, Nr 14 vum 17. Januar 1947
  9. Tageblatt, Nr 30 vum 6. Februar 1950
  10. Historique vum TCRK
  11. Tageblatt, Nr. 173 vum 29. Juli 1949
  12. Memorial No 30 vum 25. Mee 1960, S. 784
  13. Gemeng Keel - Léiffrächen
  14. Doudeskaart, 1956