Diskussioun:Léon Berens

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

hanner Bricheschhaff

Ass dat ongeféier do wou haut d'Schoul steet? --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Hanner Brüchers/Brichesch/Bricheschhaff ass e Flouernumm fir déi suppeg Wise lénks vun der Kälbaach (riets dervu läit d'Sauerwiss). Lénks nieft der Berens-Villa war fréier de Rischenhaff, an zënter 1998 d'Spillschoul Sauerwiss. Du kanns der et ukucken, an der Brochure Rëmelenger Stadweeër Säit 22 sinn e Plang a Fotoen. --Otets 15:29, 4. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Merci fir d'Info. Mengs de net et misst een dat e bësselchen am Artikel preziséieren. Mat Häff déi et net méi gëtt fänken ons Lieser rose wéineg un. --Les Meloures (Diskussioun) 17:47, 4. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Hanner Brischeschhaff ass e Flouernumm, onofhängeg vun der Existenz vum Haff selwer. An d'Indicatioun vun der Brunnestrooss ass jo eng Prezisioun. Iwwer de Rischenhaff steet näischt am Artikel, dat war just eng Zousaz-Info fir dech. --Otets 16:33, 6. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]