Op den Inhalt sprangen

Walert

Vu Wikipedia
Den haitegen Agank vun der Minière Kierchbierg/Walert

D'Mine Walert war eng Eisenäerzminn zu Rëmeleng, déi der Schmelz vu Rodange gehéiert huet a vun 1898 bis 1963 a Betrib war.

Iwwer dem Buedem ass de Flouer Walert eng Schlucht, déi duerch de Walertfloss gegruewe gouf. Dee gëtt et haut net méi, mee e war fréier grouss genuch fir geholl ze gi fir d'Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ze markéieren, déi haut nach esou verleeft. Sou ass Walert also begrenzt am Süden duerch den Ëttenger Gaalgebierg, an am Norden duerch Op der Lëndgen, Vir Haasselt an den Hierzesprong. "Op Walert" ass d'Héicht westlech vu "Walert", do wou haut de Schéissterrain ass. Den Numm Walert kënnt entweeder vu vallis (Dall) oder valli (Wall). D'Endsilb "-ert" ass op alle Fall kloer d'Verkierzung vun Haart (Bësch).[1]

D'Konzessioun Walert

[änneren | Quelltext änneren]

Walert ass eng Konzessioun vu 44,5 ha, déi per Gesetz vum 6. Mee 1898 der Société des hauts-fourneaux de Rodange zougesprach ginn ass. Zesumme mat der Schmelz ass si 1905 vun der belscher Stolfirma Ougrée-Marihaye mat Sëtz zu Ougrée bei Léck opkaaft ginn. 1935 huet Ougrée-Marihaye d'Société anonyme minière et métallurgique de Rodange (MMR) gegrënnt, an där hir Lëtzebuerger Minnen a Schmelzen zesummegefaasst gi sinn, dorënner och d'Minn Walert.

D'Konzessioun Walert louch südwestlech vu Rëmeleng op der franséischer Grenz. Si huet zwou Couche Minett, déi giel an déi gro, déi allenzwou ënnerierdesch ofgebaut hu misse ginn. Walert war op alle Säite vun anere Minnen ëmginn, den Zougank fir d'Minn war duerch d'Galerie vun der Konzessioun Kierchbierg, déi der S.A. John Cockerill vu Seraing bei Léck gehéiert huet.

An der Minière Walert (haut Nationale Grouwemusée)

De Betrib vun der Minn

[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1898 bis den Éischte Weltkrich huet Ougrée-Marihaye d'Minn duerch d'Firma Charles Hoffmann vu Schëffleng exploitéiere gelooss, déi och schonn an der Nopeschkonzessioun Kierchbierg geschafft huet. D'Minett gouf um Quai vum Kierchbierg a Waggone getippt a mam Zuch op Rodange gefouert.

1925 huet Ougrée-Marihaye d'Minn moderniséiert, déi elo an Eegeregie bedriwwe gouf. D'Haaptgalerië goufen elektrifizéiert, eng Elektresch- a Kompresserzentral an der Minn selwer huet Energie fir d'Pressloftbuermaschinne vun de Mineure geliwwert. Den Dynamit an de Schwaarzpolver goufen duerch en neie Sprengsystem mat flësseger Loft ersat, géint de Widderstand vun de Mineuren.

1935 ass de Mineur, Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vu Rëmeleng Jean-Pierre Bausch déidlech beim Depilage an der gieler Couche verongléckt. Wéinst hirem geféierlechen Daach, deen ëmmer erëm zu Accidenter gefouert huet, krut d'Minn Walert de Spëtznumm „Mausfal“. Net manner wéi 46 Biergleit hunn do hiert Liewe geaffert. Si gouf awer och nach vun de Mineuren a vun der Bevëlkerung „beim Bouché“ genannt, dat nom drëtte Betribsfürer Jean-Pierre Bouché.

Bis den Zweete Weltkrich war déi giel Couche ganz ofgebaut, et gouf duerno just nach an der groer geschafft.

An den 1950er Joren huet d'MMR probéiert, Walert ze mechaniséieren. Eng drëtt Lokomotiv huet déi lescht Grouwepäerd ersat an e Persounenzuch huet d'Mineure méi séier op hir Aarbechtsplaz bruecht. Tester mat engem neie Sprengschema a schwéiere Maschinne sinn allerdéngs schifgaangen, well den onstabillen Daach vun der groer Couche de Vibratiounen net duergehalen huet. Bis zum Schluss gouf also op Walert vun Hand gelueden.

1963 war déi gro Couche och bal komplett ofgebaut, an d'MMR huet d'Minn zougemaach. Déi lescht Mineure sinn an d'Pensioun gaangen oder goufen op déi aner Minne vun der MMR oder op d'Rodanger Schmelz verdeelt.

1973 gouf an der Galerie vun der Minn Walert de Musée national des mines opgemaach.

  • A sengem Gedicht Walert beschreift de Josy Braun d'Lous vun engem Éislécker Jong, deen an d'Minne schaffe kënnt a schlussendlech op Walert leie bleift. D'Gedicht gouf vun de Millermoaler vertount.
  • De Fernand Barnich huet a sengem Theaterstéck Um Block (1977) dem Jean-Pierre Bausch säi Liewen dramaturgesch verschafft.
  • Fernand Erpelding, "Aperçu Historique sur les Minières Walert et Steiberg", in: Rumelange, Roches Rouges, 1907-1957 (Lëtzebuerg, 1957), pp. 265–268
  • Henri Bonneval, Die Grube Walert - Von der "Mausefalle" zum Grubenmuseum (Rëmeleng, 1973), Imprimerie COPÉ
  • Denis Klein, "La mine Walert avant le Musée des Mines", in: Rëmeleng, 1907-2007 (Rëmeleng, 2007), pp. 417–430

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957