Ougrée

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ougrée
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Seraing
Koordinaten 50° 35’ 42.79’’ N
      05° 32’ 14.08’’ O
Postcode 4102
Een Deel vu Cockerill-Sambre zu Ougrée

Ougrée ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Seraing, an der Provënz Léck.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Ougrée eng eegestänneg Gemeng, zu där nach Sclessin gehéiert huet.

An der Industriewelt ass Ougrée besonnesch bekannt wéinst senger Schmelz, a senge groussen Industrieatelieren.

Den Héichuewen[änneren | Quelltext änneren]

Am lokolale Mëttelpunkt stoung laang vun 2009 un d'Diskussioun vum Héichuewe B deen erëm sollt lancéiert ginn. Déi Aktioun ass an der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll 2010 ugelaf, andeems waarm Loft an den Uewe geblose gouf, fir en op eng Temperatur vun 1.000° bis 1.200° virzehëtzen. Moies géint 4 Auer huet de Kock ugefaange mat Brennen, a géint der Owend gouf déi éischt Coulée erwaart.

Den Héichuewen, deen och nach HF6 genannt gëtt, war 1962 a Betrib gaangen, an huet mat enger Capacitéit vu ronn 5.500 Tonne Goss, deemools véier méi kleng Héichiewen ersat. 2009 gouf en zougemaach.

An der Zäit wou en net funktionéiert huet gouf eng Architekturdokumentatioun opgestallt a ronn 4.400 Fotoe goufe gemaach, déi 90% vun den Installatiounen ofdecken. Dovu goufen 2.310 Stéck zeréckbehale fir d'Publikatioun, an d'Beschreiwung vun der Installatioun an der Aktivitéit. 90 Stéck goufe vun den Deeler vun der Schmelz gemaach déi net méi a Betrib sinn, a 40 Stéck vu baussenzegen Deeler vun der Schmelz.

Bekannt Leit vun Ougrée[änneren | Quelltext änneren]

Lokal Katastrophen[änneren | Quelltext änneren]

  • Brand vum Cinema Rio (3. Abrëll 1955) 39 Doudeger
  • Iwwerschwemmunge vun 1926

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ougrée – Biller, Videoen oder Audiodateien


Uertschaften an der Gemeng Seraing

Sektiounen: BoncellesJemeppe-sur-MeuseOugréeSeraing