Op den Inhalt sprangen

Pont d'Ougrée

Vu Wikipedia
Pont d'Ougrée
Geographie
Land Belsch
Plaz Sclessin / Ougrée
Koordinaten 50° 36’ 26’’ N
      05° 32’ 37’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck N63
Fuerspueren 4
Féiert iwwer Meuse
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck

De Pont d'Ougrée ass eng Bréck iwwer d'Meuse, d'Nationale 90 an d'Nationale 617 zu Léck.

Si verbënnt Sclessin um lénksen Uwänner mat Ougrée op der rietser Säit vun der Meuse. Iwwer d'Bréck féiert d'Nationalstrooss N°63 och Route du Condroz genannt, déi aus dem Dall op d'Kopp vum Sart-Tilman féiert, wou eng grouss Partie vun der Universitéit vu Léck ass, an da weider bis op Marche.

Um lénksen Uwänner steet de Foussballstadion vum Standard, an op der rietser Säit d'Schmelze vu Cockerill-Sambre.

Bréck ass ronn 270 Meter laang, an et ass eng Dunnebréck. Si steet um Flosskilometerpunkt 104,6.

D'Nopeschbrécke sinn no uewen de Pont de Seraing an no ënnen de Pont de Renory

D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn