Jean-Pierre Bausch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Monument fir de Jean-Pierre Bausch zu Rëmeleng am Park - Wierk vum Albert Hames (1910-1989)

De Jean-Pierre Bausch, gebuer den 9. Mäerz 1891 zu Steesel a gestuerwen den 12. Februar 1935 zu Rëmeleng, war e lëtzebuergesche Mineur, Gewerkschaftler a Politiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Bausch ass den 9. Mäerz 1891 zu Steesel als Jong vum Mathias Bausch an Anna Dupont gebuer. 1912 huet hien zu Steesel d'Margaretha Hoffmann bestuet. Datselwecht Joer ass d'Koppel op Rëmeleng geplënnert, wou spéider hir dräi Kanner op d'Welt koumen: de Mathias (*1912), de Joseph (*1913) an d'Josephine (*1916).

Gewerkschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Spéitstens vun 1911 u war de Jean-Pierre Bausch Mineur an den Eisenäerzgrouwen am Kanton Esch-Uelzecht. Vun der Mëtt vun den 1920er Joren un huet hien an der Mine Walert zu Rëmeleng geschafft, wou hien och Sécherheetsdelegéierte gouf. Als Mineur war hie fréi gewerkschaftlech engagéiert an huet virun allem beim grousse Streik vun 1921 a bei engem Streik an de Minne vun der Société Métallurgique des Terres Rouges zu Esch-Uelzecht 1924 matgemaach.

Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

1924 gouf de Jean-Pierre Bausch fir d'Aarbechterpartei an de Gemengerot vun der Stad Rëmeleng gewielt. 1925 gouf hie Buergermeeschter un der Spëtz vun enger Koalitioun tëscht senger Aarbechterpartei an der liberaler "Freie Ständevereinigung". Als Buergermeeschter huet hien duerch ëmfangräich Kanalisatiounsaarbechten dofir gesuergt, datt d'Infrastrukture vu Rëmeleng un déi ëmmer méi grouss Awunnerzuel ugepasst goufen. Während der Weltwirtschaftskris huet hien Noutstandsaarbechten organiséiere gelooss fir déi Aarbechter ze beschäftegen, déi vun hire Betriber virun d'Dier gesat gi waren. Dobäi ass ënner anerem de Rëmelenger Stadpark entstanen. 1932 huet de Jean-Pierre Bausch aus perséinleche Grënn als Buergemeeschter demissionéiert.

Deputéierten[änneren | Quelltext änneren]

1928 gouf de Jean-Pierre Bausch op der Lëscht vun der Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt, wou hie bei de Wale vun 1934 och nach eng Kéier erëmgewielt gouf. An der Chamber ass hie virun allem zu Froen, déi d'Stad Rëmeleng oder d'Lous vun de Mineure betreffen, intervenéiert. Virun allem bei senge Rieden iwwer d'Mineure fält hien duerch en emotionalen an net ëmmer ganz diplomatesche Stil op. De Karikaturist Pierre Blanc nennt de Bausch e "Grubenspezialist mit geradem Kinn und Sinn und krummer Logik" (De Gukuk, 11. Februar 1933).

Während senger Zäit als Deputéierten huet de Jean-Pierre Bausch weider als Mineur an der Mine Walert geschafft. De 7. Februar 1935 huet hien eng lescht Ried an der Chamber gehalen, wou hien ënner anerem d'Feele vu Sécherheetsbestëmmungen an de Minne veruerteelt huet. Den 12. Februar 1935 ass bei der Aarbecht an engem Depilage-Chantier an der gieler Couche e Block Minett vum Daach op de Jean-Pierre Bausch erofgefall, deen op der Plaz dout war.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch säin Doud gëtt de Jean-Pierre Bausch zu engem Symbol fir de Kampf vun de Mineuren ëm besser Aarbechtsbedingungen. Haut erënnere Stroossennimm zu Rëmeleng, Esch an Diddeleng un hien. 1957 gouf zu Rëmeleng e Monument fir hien ageweit, e Wierk vum Albert Hames.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]