Pierre Blanc

Vu Wikipedia
Pierre Blanc
Gebuer 6. Juni 1872
Lëtzebuerg
Gestuerwen 30. Mäerz 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Enseignant
Member vun Cercle artistique de Luxembourg


De Pierre Blanc, gebuer de 6. Juni 1872 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 30. Mäerz 1946, war e lëtzebuergesche Moler.[1]

Hien huet an der Stad op De Kolléisch, duerno op den Akademien zu München, a méi spéit och zu Prag a Paräis, Konscht studéiert. 1898[2],[3] gouf hien Zeecheprofesser an der Handwierkerschoul, an ass dat bis zu senger Pensioun, 1936, bliwwen[1]. Dertëschent - vun 1912 bis 1917 - war hie Chargé de cours am deemolege Meedercheslycée.

De Pierre Blanc huet sech am Juni 1903 mat der Marie-Louise David vu Bréissel bestuet. D'Koppel krut zwee Kanner: den Nicolas-Léon-Louis (1903 - 1931) an d'Marie-Marguerite (1909 - ?).

Vun 1906 bis 1910 a vun 1920 bis 1927 war de Pierre Blanc President vum Cercle artistique de Luxembourg, wouvun en och ee vun de Grënnungsmembere war. Seng Spezialitéit ware Portraiten. Mä och Landschaftsbiller a Buchillustratiounen (wéi z. B. vum Batty Weber sengem Inseltraum oder dem Auguste Liesch senger Maus Ketti) huet hie gemoolt. Och dokumentaresch Zeechnungen huet hie gemaach, wéi z. B. vun de Lëtzebuerger Prënzen a Béimen. Weiderhi sinn Timberen, Medailen a Geldschäiner vun him geschaf ginn.[1]

Eng aner vu senge Spezialitéite war den Entworf vun Exlibrissen.

1911 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.[1]

Hien huet verschidde Portraite vun historesche Gestalten am Arthur Herchen sengem Manuel d'Histoire nationale gezeechent.

De Pierre Blanc ass den 30. Mäerz 1946 um Belair an der deemoleger Rue des Iris (haut: Rue Albert-Philippe) gestuerwen. Fir un hien z'erënnere gouf zu Bouneweg d'Rue Pierre-Blanc, tëscht dem Boulevard de la Fraternité an der Rue Auguste Charles, no him benannt.[1]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1911: Le vieil étang
  • 1911: Paysage de Tervuren, Ueleg op Toile, 40 cm × 55 cm, (Musée national d'histoire et d'art (MNHA) an der Stad Lëtzebuerg)
  • 1913: Au jardin (MNHA)
  • 1923: Pavillon au parc d'Echternach (MNHA)
  • 1930: Ruines du château de Brandenbourg (MNHA)
  • 1932: Faubourg du Grund (MNHA)
  • Le Château de Bourglinster (temps gris)
  • Le "Osterbour" à Larochette

Portraiten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1905: La sieste (Madame Blanc)
  • 1908: Portrait vum Batty Weber
  • 1909: Madame Édouard Dupont
  • 1916: Mademoiselle Valy Pauly
  • 1929: Madame Gustave Jacquemart
  • Portrait de jeune fille
  • Le page (étude de portrait de ma fille)

Timberen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906: Timber mam Groussherzog Wëllem
  • 1907: Timber mat Wopen
  • 1925: den éischte Caritas-Timber (genannt: "mat der Infirmière")
  • 1930: Timber mat engem Schëld mat Wopen
  • 1982: op engem Timber aus der Serie "Les saisons" ass e Bild vum Pierre Blanc, dat hien 1911 zu Tervuren gemoolt hat
  • 2018: Block op Basis vum Tableau - Première Guerre mondiale Famine et Misère - Le marché noir vun 1917

Geldschäiner[änneren | Quelltext änneren]

  • 1926: 20-Frang-Schäi mat der Groussherzogin Charlotte an der Vue vum Palais an dem Spuerkeessgebai
  • 1927: 100-Frang-Schäi mat der Groussherzogin Charlotte an de Wope vun den 12 Kantonen
  • 1930: 20-Frang-Schäi mat Baueren- a Wënzerzeenen
  • 1939: 20-Frang-Schäin deen awer wéinst der däitscher Invasioun vu Lëtzebuerg net erausbruecht gouf

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[7][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Blanc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Georgette Bisdorff: Pierre Blanc an ons stad 67, 2001.
  2. Die Warte, N° 12 / 1919, édition 23.03.2000
  3. jee no Quell gëtt vun 1898 oder 1918 geschwat
  4. Koltz, Jean-Pierre, 1970. Baugeschichte der Stad und Festung Luxemburg, 1. Band, 2. Oplo, S. 74.
  5. Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
  6. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.
  7. Doudesannonce vum Pierre Blanc am Luxemburger Wort vum 1. Abrëll 1946