Wëllem IV. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Titelen
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1905 bis 1912
Virgänger Adolphe
Nofollger Marie-Adélaïde
Biographie
Gebuer 22. Abrëll 1852
Schlass Biebrich
Gestuerwen 25. Februar 1912
Schlass Bierg
Bestuet mat Maria Ana vu Bragança
Papp Adolphe vu Lëtzebuerg
Mamm Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Kanner Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg

De Wëllem IV. vu Lëtzebuerg, gebuer den 22. Abrëll 1852 um Schlass Biebrich als Wilhelm Alexander vun Nassau, gestuerwen de 25. Februar 1912 um Schlass vu Colmer-Bierg, war den eelste Jong vum Herzog Adolphe vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.

Liewen

Hien huet seng Kandheet a Jugend am Herzogtum Nassau verbruecht. Wéi säi Land vu Preisen annektéiert gouf, huet hien eng Karriär an der éisträichescher Arméi gemaach. 1888 ass hien do nees ausgetrueden, wéi et sech konkreetiséiert huet, datt säi Papp géif Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.

Hie war vum 25. Dezember 1897 bis de 4. Abrëll 1902 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot.[1]

De 4. Abrëll 1902 huet säi Papp, deen 1890 Groussherzog gi war, hien zum Lieutenant-représentant erkläert. Nom Doud vu sengem Papp, de 17. November 1905, ass hie Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.

Den 21. Juni 1893, huet hien d'Maria Ana vu Bragança, Infantin vu Portugal, um Schlass Fischhorn bei Zell am See, bestuet.

Déi 6 Duechteren als Kanner; Foto: Charles Bernhoeft, ëm 1903.

D'Koppel krut 6 Duechteren, wat e Problem mat der Trounfolleg mat sech bruecht huet, well den Ierfpakt virgesinn huet, datt just deen eelste männlechen Nokommen Trounfollger ka ginn. De 16. Abrëll 1907 huet d'Chamber dowéinst eng Ännerung vum Ierfpakt approuvéiert, soudatt mat Akraafttriede vun där Dispositioun dem Wëllem IV. seng eelst Duechter, d'Marie-Adélaïde (1894-1924), den 10. Juli 1907 zur Trounfollgerin erkläert gouf. Si ass dann och 1913, wéi se groussjäreg gouf, déi éischt Lëtzebuerger Groussherzogin ginn. Déi zweet Duechter, d'Charlotte, (1896-1985), huet no der Ofdankung vun hirer Schwëster den Troun 1919 iwwerholl.

Déi aner Duechtere waren:

Literatur

  • Pierre Even, Vor 100 Jahren verstarb Wilhelm IV., Der leidende Großherzog, Seine wegweisenden Handlungen förderten die Integration der Luxemburger Dynastie, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Nr. 7|2357, Ss. 4-6; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012
  • Jean-Louis Scheffen, Grundstein einer neuen Dynastie - Vor 125 Jahren „feierlicher Einzug“ von Wilhelm IV. und Maria-Anna von Braganza am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2018, S. 18-19

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wëllem IV. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Adolphe
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1905 - 1912
Nofollger:
Marie-Adélaïde

Referenzen

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot