Élisabeth vu Lëtzebuerg (1901-1950)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Élisabeth, Duechter vum Wëllem IV. Fir aner Frae mam Titel 'Élisabeth vu Lëtzebuerg', kuckt wgl. Élisabeth vu Lëtzebuerg. |
| Élisabeth vu Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
| |
| Titelen | |
| Biographie | |
| Gebuer |
7. Mäerz 1901 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
2. August 1950 Schlass Hohenburg |
| Bestuet mat | Ludwig Philipp vun Thurn an Taxis |
| Papp | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
| Mamm | Maria Ana vu Bragança |
| Geschwëster | Sophie vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg |
| Kanner | Iniga vun Thurn an Taxis, Anselmus vun Thurn an Taxis |
|
| |
D'Élisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer de 7. Mäerz 1901 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 2. August 1950 zu Hohenburg, war eng lëtzebuergesch Prinzessin aus dem Haus Nassau-Weilburg.
Si war d'Duechter vum Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg a senger Fra, der Maria Ana vu Bragança, deemno d'Schwëster vun de Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte.
1922 huet si sech mam Ludwig Philipp von Thurn und Taxis (1901-1933) bestuet, dem Jong vum Fürst Albert I. von Thurn und Taxis an der Margaretha Clementine vun Éisträich.
Si kruten zwee Kanner:
- Anselmus (1924-1944);
- Iniga (1925-2008), bestuet mam Eberhard von Urach (1907-1969).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Élisabeth vu Lëtzebuerg (1901-1950) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
