Prinzessinnen-Eechen
Prinzessinnen-Eechen och nach: Prinzessins-Eechen | |
---|---|
![]() D'Prinzessinnen-Eechen am Gréngewald | |
An anere Sproochen |
fr: Les chênes des princesses[1] de: Prinzessinnen-Eichen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Fernand Marchetti (LSAP) |
Koordinaten |
49° 40’ 08.5’’ N 06° 09’ 52.8’’ O |
![]() |
D'Prinzessinnen-Eechen ass e Lieu-dit am Gréngewald, wou sechs Routeeche stinn, déi zu Éiere vun de Kanner vum Groussherzog Wëllem IV. geplanzt goufen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Lieu-dit Prinzessinnen-Eechen läit op enger Héicht vun zirka 374 m, am Réngelsgronn, nordëstlech vun den Nordportaler vum Tunnel Stafelter vun der A7, an der Kadastersektioun Heeschdref vun der Gemeng Steesel..
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht 1894 an 1902 goufen zu Éiere vun de sechs Kanner vum Groussherzog Wëllem IV. sechs Eeche geplanzt. Als Bamzort goufe Routeechen erausgesicht, déi fir d'Gebuert vun der Prinzessin a spéiderer Groussherzogin Marie-Adélaïde (1894) an hire jonke Schwësteren, der spéiderer Groussherzogin Charlotte (1896), Hilda (1897), Antonia (1899), Élisabeth (1901) a Sophie (1902) laanscht de Wee am Réngelsgronn geplanzt goufen.
De Bam vun der eelster Sëschter Marie-Adélaïde gouf géint Enn vum 1. Weltkrich bei engem Stuerm ëmgehäit a méi spéit mat enger Wantereech ersat.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Prinzessinnen-Eechen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Op den topographesche Kaarte vun 1954 bis 1989 als "Les Six Princesses" agedroen.