Tunnel Stafelter

Vu Wikipedia
Um Heeschdrëferbierg, Ausgank vum Tunnel Stafelter, a Richtung Norde gekuckt (2018).
Déi selwecht Vue, wärend dem Bau (2014).

Den Tunnel Stafelter ass en Autobunnstunnel op der lëtzebuergescher Autobunn A7 deen ënner engem Deel vum Gréngewald erduerch geet. Säin Numm huet e vum Stafelter, deem héchste Punkt iwwer sengem Tracé.

E besteet aus zwéi Réier mat enger Längt vu jee 1.850 Meter, déi an enger Déift tëscht 3 m an 20 m haaptsächlech an de Lëtzebuerger Sandstee gegruewe sinn.[1]

Dee südlechen Agank ass um hallwe Wee tëscht dem Waldhaff an der Brennerei, nieft der N11, deen nërdlechen am Mägrond um Plateau vum Heeschdrëferbierg.[2] Op enger Längt vu 700 m, tëscht dem Stafelter an dem Lieu-dit Doudeg Fra, leeft den Tracé, deen déi ganzen Zäit riicht aus geet, genee ënner dem CR126.

Den 18. Februar 2009 hunn d'Aarbechten um Tunnel ugefaangen. Den 22. Abrëll 2010 war den Duerchstéch vum Süd-Nord-Rouer[3], dee vum Nord-Süd-Rouer war ee Mount duerno.[4]

Och wann d'Aarbechten um Tunnel schonn éischter fäerdeg waren, goung en awer eréischt den 23. September 2015, zesumme mam Tunnel Grouft an dem leschten Deelstéck vun der Nordstrooss op. D'Baukäschte vum Tunnel, ouni d'Sécherheetsariichtungen, leie bei ronn 100 Mio. Euro.[5]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tunnel Stafelter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Der letzte Tunnel der Nordstraße wird geboren." Tageblatt, 22.4.2010.
  2. "Tunnel Stafelter". pch.public.lu.
  3. "Percement du Tunnel Stafelter." pch.public.lu. Gearchiveerd op 2012-06-09. Gekuckt de(n) 2010-11-25.
  4. "Durchstich im Tunnel Stafelter." Luxemburger Wort, 23.4.2010.
  5. "Durchstich im Tunnel Stafelter."