Schetzelbuer
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Schetzelbur)
|
| |
| Verwaltung | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Géigend | Gréngewald |
| Verwaltungseenheet | Steesel |
| Geographie | |
| Koordinaten |
49° 39’ 57.4’’ N 06° 11’ 21.5’’ O |
| Héicht. i. M. | 360 m |
| Koordinaten |
49° 39’ 57.4’’ N 06° 11’ 21.5’’ O |
| Quell vun | Schetzelbaach |
|
| |
De Schetzelbuer ass d'Quell vun der Schetzelbaach am Gréngewald déi méi spéit no dem Zesummefloss mat der Réngelbaach d'Wäiss Iernz bilt. E läit op enger Héicht vun 370 Meter (NG-L).
Um Gebitt vun der Gemeng Steesel trëtt säi Waasser aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, dem gréissten a wichtegsten Drénkwaasserspäicher vu Lëtzebuerg. Hiren Numm krut d'Quell vum séilege Schetzel, deen am 12. Joerhonnert an enger Hiel an der Noperschaft vun der Quell gelieft huet a säin Duuscht mam Quellewaasser geläscht huet. 1948 ass d'Quell vun enger Scoutsgrupp vum Lampertsbierg gefaasst a mat engem Waasserbaseng ausstafféiert ginn.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Schetzelbuer mam ieweschten Deel vun der Schetzelbaach.
-
Schëld fir bei de „Schetzelbuur“ (sic)
