Albert Kratzenberg
Albert Kratzenberg | |
---|---|
Gebuer |
8. Abrëll 1890 Klierf |
Gestuerwen |
23. Mee 1966 Klierf |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Geschwëster | Damien Kratzenberg |
Den Albert Kratzenberg, gebuer den 8. Abrëll 1890 zu Klierf, a gestuerwen och do den 23. Mee 1966[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur a Graphiker.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]No der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg huet den Albert Kratzenberg zu Karlsruhe an op der Konschtakademie zu Berlin studéiert. Duerno huet hien e puer Joer an Däitschland, am Bezierk Stettin an zu Hildesheim geschafft[1],[2].
1919 koum hien op Lëtzebuerg zeréck,[3] wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet[1]. Am Joer 1930 ass hie “Professer” an der Escher Beruffsschoul ginn[4].
Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc un der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert[5],[6].
Op der Weltausstellung 1939/1940 zu New York gouf seng monumental Skulptur L'allégorie de l'artisanat ausgestallt[7].
1928 an 1932 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Hien huet an den 20er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Haaptportal vun der Kathedral restauréiert gouf, d'Statu vum hellegen Niklos geschaaft.
Wéinst senger Haltung wärend der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich ass den Albert Kratzenberg am Januar 1947 zu Lëtzebuerg zu sechs Joer Prisong an zum Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit condamnéiert ginn.[8] Hie war de Brudder vum Damien Kratzenberg[9].
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- 1932, Skulptur a véier bronze Placken um Monument Émile Mayrisch am Park Émile Mayrisch zu Diddeleng.
- 1936, Goethe-Gedenkplack um Bock.
- Reliefaarbechten um Escher Stadhaus[10].
- Bas-relief um Editpress-Gebai an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht.
- Erënnerungsplack um Haus vum Caspar Mathias Spoo[11] zu Esch-Uelzecht[12].
- Buste vum Caspar Mathias Spoo.
- 1939, Haut-relief L'allégorie de l'artisanat, eng Monumental-Skulptur fir d'Weltausstellung zu New-York. Eng Figur dovun, e Stolaarbechter mat Hummer, gouf Ufank den 1980er Joren an der Entrée vum renovéierte Quartier Brill zu Diddeleng opgestallt. 2008 gouf se du restauréiert a steet elo am Park vun der Galerie Nei Liicht.
- Jeune femme, 1953, Skulptur am Kalleksteen am Park vum Schlass Kolpech zu Nidderkolpech.
- Helleg Famill am Héichaltor an der Kierch zu Mäerkels.
- "Notre Dame de Trintange" um Héichaltor an der Kierch zu Trënteng (1954).
- Hellege Stephanus an der Kapell um Stiefesbierg zu Trënteng.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Herr, Lambert, 1992. Kratzenberg Albert. In: Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette. Imprimerie Linden, Lëtzebuerg, 464 S. (Cf. S. 207). ISBN 2-87982-034-0
- M.W., 1935. Atelierbesuch bei Albert Kratzenberg in Esch an der Alzette. A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1935, Nr. 49 (8. Dezember), S. 4-6. (Link)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Albert Kratzenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1992, Anthologie des arts au Luxembourg
- ↑ M.W. 1935.
- ↑ M.W. 1935, S. 6.
- ↑ Escher Tageblatt 1930, Nr. 91 (25. März): 4 (Esch-Alz., 25. März. Ernennung. Herr Albert Kratzenberg, bisher Kursusleiter, wurde zum technischen Lehrer der gewerblichen Fortbildungsschule ernannt.) [1]
- ↑ Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 233, 244, 245
- ↑ Escher Tageblatt 1947, Nr. 23 (29. Januar): 6 (Politische Prozesse: Urteile des Spezialgerichtes in Luxemburg). [2] Luxemburger Wort 1947, Nr. 30 (30. Januar): 4 (Vor dem Spezialgericht). [3] Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 9-24. [4]
- ↑ deltgen.com
- ↑ "Besuch bei den Bildhauern am Giebelfeld des neuen Escher Stadthauses". A-Z Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1936, Nr. 25 (2. Juni), S. 20.
- ↑ Spoofeier in Esch-Alzette. Luxemburger Wort Nr 207 vum 26. Juli 1937 (Link)
- ↑ Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 18. [5]